
Bei der Attack op en US-Konvoi am nigerianesche Bundesstaat Anambra si véier Mënschen ëm d’Liewe komm, dräi weiderer goufen entfouert. Wéi et vum Spriecher vun der nigerianescher Police heescht, “war keen US-Bierger” am Konvoi. De Spriecher vum Wäissen Haus, den John Kirby, huet iwwerdeems zu Washington confirméiert, datt en US-Konvoi mat enger Partie Gefierer attackéiert gi wier. Och den US-Ausseministère huet den Ugrëff confirméiert.
Dem Policespriecher no hunn déi arméiert Täter zwee Polizisten an zwee Mataarbechter vum US-Konsulat ëmbruecht, ier si de Won a Brand gesat hunn. Donieft goufen zwee Polizisten an e Chauffer entféiert. Eng Rettungs- a Befreiungsaktioun wier en Dënschdeg den Owend lancéiert ginn.
Am Südoste vun Nigeria sinn eng Partie Separatistegruppen aktiv, déi an der lescht hir Attacke verstäerkt hunn, woubäi si meeschtens Polizisten a Regierungsgebaier an d’Viséier huelen. D’Autoritéiten hunn de Grupp “Indigenous People of Biafra” (IPOB) oder där hiren arméierten Aarm “ESN” fir d’Attacke responsabel gemaach. D’IPOB, déi fir en eegestännege Staat fir déi ethnesch Grupp vun den Igbo kämpft, dementéiert d’Reprochen allerdéngs.