Etüd vum Äerzbistum München a Freising4 vun 10 Katholiken denken driwwer no, aus der Kierch auszetrieden

Sarah Cames
Enger neier Etüd no denken op d'mannst 4 vun 10 Katholiken an Däitschland driwwer no, aus der Kierch auszetrieden.
© AFP

Dëst geet aus enger Etüd vum Äerzbistum München a Freising ervir. Op der anerer Säit heescht dat natierlech och, datt ronn 60% net driwwer nodenken auszetrieden.

Just 7% sinn der Etüd no fest dozou entschloss, aus der Kierch auszetrieden. 13% vun de Befrote soten, si géingen driwwer nodenken, mä wären nach net zu engem festen Entschloss komm. Weider 21% vun de Katholiken denken heiansdo driwwer no auszetrieden, mä wäerte wahrscheinlech an der Kierch bleiwen.

Jonk Katholiken denken der Etüd no méi dacks iwwert en Austrëtt no. Ënnert den 18 bis 29 Joer Ale sinn deemno ronn 10% fest vun engem Austrëtt iwwerzeegt. Bei den iwwer 66-Järege läit dës Zuel dogéint just bei 4%.

Als Grënn, an der Kierch ze bleiwen, hunn déi meescht Leit nieft dem Glawen och Familljentraditioun, de Wonsch no enger Daf, enger kierchlecher Hochzäit oder der Kierch hire sozialen Engagement genannt. Ronn 72% soen, se wiere Membere vun der kathoulescher Kierch, well dat an hirer Famill schonn ëmmer esou war. Ronn 65% soten, si wieren an der Kierch, well se hir Kanner Deefe loosse wëllen.

Back to Top
CIM LOGO