Biewen an der Tierkei a Syrien574 Kanner konnte gerett ginn, déi awer hir Eltere verluer hunn

RTL Lëtzebuerg
De Bilan vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op iwwer 38.300 Doudeger geklommen, dovunner eleng 31.700 an der Tierkei.
Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien
De Bilan vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op iwwer 38.300 Doudeger geklommen, dovunner eleng 31.700 an der Tierkei.

Déi tierkesch Autoritéiten hunn nom Äerdbiewen an der tierkesch-syrescher Grenzregioun virun enger Woch weider Zuele genannt.

Méi wéi 1,2 Millioune Leit wiere mëttlerweil relogéiert ginn, dovun eng Abberzuel a provisoreschen Nout-Zelter, där méi wéi 200.000 Stéck opgeriicht goufen.

400.000 Leit wieren an aner Regioune bruecht ginn, beispillsweis an Hoteller an den Touriste-Regiounen am Südoste vum Land.

De Bilan vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op iwwer 38.300 geklommen, dovunner eleng 31.700 an der Tierkei.

574 Kanner wieren zanter dem Biewen aus den Iwwerreschter vu Gebaier gerett ginn, déi awer hir Eltere verluer hunn, huet den tierkesche Vize-President Oktay erkläert.

Syrien huet iwwerdeems annoncéiert, dass zwee weider Grenz-Passagen am Norden elo mol fir 3 Méint opgemaach goufen, iwwert déi aus der Tierkei Hëllefsliwwerunge kéinten op d’Plaz kommen.

Hei kënnt Dir spenden

Back to Top
CIM LOGO