
Dem Mann gëtt Homicide involontaire duerch Negligence reprochéiert. Weider Detailer zu dem Mann senger Identitéit wollt d’Police net ginn.
Déi brittesch Autoritéiten hunn haut annoncéiert, datt si net weider no där leschter vermësster Persoun sichen an dovun ausginn, datt dës de Virfall net iwwerlieft huet. D’Cargo-Schëff war e Méindeg de Moien aus bis ewell onbekannter Ursaach an e Pëtrolstanker gerannt, deen eng 15 Kilometer virun der Côte virun Anker louch.
D’Enquête no der Ursaach ass aktuell schwiereg, well et op béide Schëffer nach brennt. Bis ewell konnt och nach net kloer gesot ginn, wéi eng Suitten d’Kollisioun fir d’Ëmwelt wäert hunn. Wéi et heescht ass e Kerosintank beschiedegt ginn. Ma d’Informatioun, datt eent vun de Schëffer gëftegt Natriumzyanid soll gelueden hunn, géif awer net stëmmen, heescht et en Dënschdeg vum Proprietär vum Cargo-Schëff.