71. Dag Krich an der Ukrain6,5 Milliarden US-Dollar koume bei der Donateurskonferenz zu Warschau zesummen

Petz Bartz
Polen huet nach eemol ënnerstrach, esou séier wéi méiglech der Ukrain de Statut vum EU-Bäitrëttskandidat ze ginn, fir dem Vollek seng Moral ze stäerken.
71. Dag Krich an der Ukrain
Den Dag kuerz resuméiert.

Pëtrolsdepot zu Makiivka bombardéiert

Den ukrainesche Militär huet zu Makiivka bei Donetsk e Pëtrolsdepot bombardéiert, deen ënnert der Kontroll vu pro-russesche Separatiste war. Déi meescht Positiounen am Donbass sinn allerdéngs defensiv. Mëtt Juni, sou e Beroder vum President zu Kiew, hätt een d’Waffen an d’Material zesummen, fir eng Konteroffensiv duerchzeféieren.

Russland hat vun en Donneschdeg de Moien un eng Wafferou vun 3 Deeg versprach, fir d’Azowstal-Stolwierk zu Mariupol. Dem President Selenskyj no konnten nach eemol 344 Zivilisten aus de Katakombe vum Industriesite gerett ginn. En Donneschdeg de Mëtteg koum dunn allerdéngs d’Noriicht, dass Russland eng nei Attack op d’Wierk lancéiert hätt, fir Azowstal ënner hir Kontroll ze bréngen.

Aktiv Ënnerstëtzung duerch d’USA

D’USA hunn zanter dem 24. Februar d’Ukrain aktiv am Krich géint Russland ënnerstëtzt. Dat schreift “New York Times” en Donneschdeg. US-Geheimdéngschtsinformatiounen, déi 1 zu 1 un d’Ukrain weidergereecht gi wieren, hätten dozou gefouert, dass et dem ukrainesche Militär gelonge wier, bis ewell iwwert eng Dose russesch Genereel ze neutraliséieren. De Kreml wier sech eegenen Aussoe no bewosst, dass d’Ukrain déi Ënnerstëtzung vun den USA, Groussbritannien an der Nato géif kréien.

Skurril Gehierwäsch vum Kreml

D’Propaganda an d’Gehierwäsch vum Kreml zu Moskau gëtt iwwerdeems ëmmer méi skurril. Op Affichë gëtt sech elo op de Nato-Bäitrëttskandidat Schweden ageschoss. Et wier e Land vu Nazi-Sympathisanten.

Fir en Hitler-Verglach vu sengem Ausseminister Sergej Lawrow huet sech de Wladimir Putin iwwerdeems bei Israel entschëllegt, sou den israelesche Journalist Barak Ravid.

De Büro vum Ministerpresident Naftali Bennett huet dëst och an engem kuerze Statement confirméiert. Kuerz virdrun hätten de Putin an de Bennett mateneen telefonéiert.

De Lawrow hat an engem Interview behaapt, an der ukrainescher Regierung géif et Neonazien. Bezunn op de President Selenskyj huet de Lawrow dunn nach gesot: “Ech kéint mech ieren, awer den Hitler hat och jiddescht Blutt.”

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO