
Domat huet et déi 22 Joer jonk Aktivistin en Donneschdeg an d’Guinnessbuch vun de Rekorder gepackt a gläichzäiteg hiren eegene Rekord gebrach. Bis ewell hat si 48 Stonne laang e Bam am Aarm. Supporter hu si am kenianeschen Nyeri gefeiert fir hiert Duerchhalverméigen.
D’Truphena Muthoni wollt mat der Aktioun géint d’Ofholzen, d’Zerstéierung vum Land an d’Hausse vun de Klimakatastrophe protestéieren. Domat ass si am eegene Land zu enger Sensatioun ginn. Politiker hunn hir Unerkennung entgéintbruecht an op de soziale Reseauen huet sech d’Nouvelle vum neie Rekord an Nullkommanäischt verbreet.