"Ech fille mech esou privilegéiert"A Groussbritannien gouf en Dënschdeg déi éischt Fra geimpft

RTL Lëtzebuerg
Déi 90 Joer al Margaret Keenan ass déi éischt Brittin, déi ausserhalb vu klinesche Studië geimpft ginn ass mam Vaccin vu Biontech a Pfizer.
© AFP

Si krut d’Impfung en Dënschdeg de Moien um 6.31 Auer zu Coventry. “Ech fille mech esou privilegéiert, déi éischt Persoun ze sinn, déi géint de Covid-19 geimpft gouf. Et ass dee beschte virzäitege Gebuertsdagskaddo, deen ech mir wënsche konnt. Elo kann ech mech endlech drop freeën, am neie Joer Zäit mat menger Famill a menge Frënn ze verbréngen, nodeems ech dëst Joer esou vill eleng war.”, sot d’Keenan der BBC.

De brittesche Premierminister Boris Johnson begréisst de Start vun der Corona-Impfcampagne a sengem Land. Op de soziale Medien huet hien de Mataarbechter aus dem Gesondheetswiesen, de Wëssenschaftler an de Fräiwëllegen, déi sech als Testpersoune bei den Etüde gemellt haten, Merci gesot.

Gläichzäiteg huet hien d’Ëffentlechkeet dozou opgeruff, sech weider un d’Reegelen ze halen. “We will beat this together”, huet den Johnson geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO