TémoignageA Syrien kënnt bis dato net genuch Hëllef bei de Leit un

Anne Wolff
Den Assad géing d'Hëllefsgidder net un d‘Populatioun weider ginn. Dat eenzegt wat bis elo ukomm wier, wiere privat Donen, esou den Anas Jarour.
A Syrien kënnt bis dato net genuch Hëllef bei de Leit un
Den Assad géing d’Hëllefsgidder net un d‘Populatioun weider ginn. Dat eenzegt wat bis elo ukomm wier, wiere privat Donen, esou den Anas Jarour.

Knapp zwou Woche sinn et hir, datt de Buedem an der Tierkei an a Syrien uerg gebieft huet. Wärend d’Hëllef am Nopeschland Tierkei relativ séier erbäi koum, ass d’ Situatioun am vum Biergerkrich geplote Syrien nach vill méi oniwwersiichtlech. An deene vu Rebelle regéierten Deeler kënnt esou gutt wéi keng Hëllef un. Dobäi si Millioune Mënschen dorop ugewisen. Geschat 40.000 Stéit hu keen Dag méi iwwer dem Kapp. Familljememberen am Ausland bleift net vill anescht iwwreg wéi nozekucken an op e Liewenszeeche vun hire Léifsten ze hoffen.

Wat a senger Heemecht lass war, gouf den Anas Jarour aus den Noriichte gewuer. Viru sechs Joer ass hie mat sengen Elteren a Gesëschter aus sengem Heemechtsland virum Biergerkrich fortgelaf, hien hätt missten an d’Arméi. Elo gouf d’Land nieft Rakéiten nach vun enger Naturkatastroph getraff.

En hallwen Dag Ongewëssheet zu Lëtzebuerg, dann déi gutt Noriicht: Seng Famill dohannen huet iwwerlieft. Ma vun internationaler Hëllef wier zu Aleppo net vill ze spieren, den Assad géing d‘ Hëllefsgidder net un d‘Populatioun weider ginn, dat eenzegt wat bis elo ukomm wier, wiere privat Donen.

Eng gutt Nouvelle gëtt et awer: Am Norde vu Syrien, wou bis ewell kaum eppes ukomm ass, ass elo eng Liwwerung mat medezinescher Hëllef an Zelter vun MSF ukomm. Dat geet allerdéngs laang net duer, zousätzlech zu de Leit déi wéinst dem Krich deplacéiert sinn, kommen der elo eng 180 000 dobäi. D‘humanitär Hëllefe wieren nach net op deem Niveau, wéi virum Biewen, mellt MSF. Et ware schonn Hëllefsgidder wéinst dem Biergerkrich geliwwert ginn.

D‘Leit hätten elo Angscht an de Gebaier ze schlofen, a wieren elo op der Strooss, erzielt de jonke Mann. Wéi et weider soll goen, wéisst keen.

Eng Internetconnectioun gëtt et och nëmme sporadesch, wat de Kontakt nach méi schwéier mécht. Fir Familljememberen aus dem Äerdbiewegebitt opzehuelen, ass an Däitschland elo e spezielle Visum an der Diskussioun.

Zu Lëtzebuerg wier dofir allerdéngs nach keng Demande agaangen, seet den Ausseministère.

Selwer zeréckgoen an op der Plaz ze hëllefen, kënnt awer fir den Anas Jarour net a Fro, hie fäert an de Prisong ze kommen. Wéi et fir seng Famill an déi aner 8,8 Millioune vum Äerdbiewe betraffen an zousätzlech krichsgeplote Syrer elo weidergeet, ass ongewëss.

Back to Top
CIM LOGO