An engem Héichhaus am Zentrum vun der australescher Metropol ass e gewaltegt Feier ausgebrach, dat dreet, sech op déi aner Gebaier ze verbreeden.

Wéi de "Sydney Morning Herald" matdeelt, géing et an engem Gebai an der Géigend vun der Gare "Central Station" am Quartier Surry Hills brennen. Déi dicht Dampwolleke sinn iwwerdeems bal an der ganzer Stad ze gesinn. De Sender "9News" mellt, datt méi wéi 50 Mënsche ronderëm d'Gebai evakuéiert goufen. Bis ewell ginn et keng Informatiounen iwwer Blesséierter.

Iwwer 100 Secouriste si mat ronn 20 Pompjeesween am Asaz, wéi d'Pompjeeë matdeelen. D'Gebai, dat siwen Etagen huet, ass schonn deelweis an de Koup gefall. Op Videoen ass ze gesinn, wéi den Daach zesummegefall ass an Deeler vun der Fassad eroffalen.

Dem Pompjeeschef no soll de Brand wuel um drëtte Stack ausgebrach sinn. D'Gebai soll eng fréier Fabrick gewiescht sinn, déi elo als Hotel ëmgebaut soll ginn. Och d'Haiser an der Géigend vum Gebai wieren aus Suerg virun iwwergräifende Flamen evakuéiert ginn. Op d'mannst op een Auto, dee beim Héichhaus geparkt ass, ass d'Feier iwwergaangen.