Treffen zu Calgary"100 Joer laang Partnerschaft" tëscht Kanada an Ukrain

RTL mat AFP
De kanadesche Premier an den ukrainesche President hu sech géigesäiteg eng laang Partnerschaft versprach. Dora geet et ëm ekonomesch Aspekter an déi allgemeng Sécherheet vu béide Länner.
De Mark Carney an de Wolodymyr Selenskyj hunn eng laang Partnerschaft tëscht hire Länner annoncéiert
De Mark Carney an de Wolodymyr Selenskyj hunn eng laang Partnerschaft tëscht hire Länner annoncéiert
© JEFF MCINTOSH/AFP

An der kanadescher Stad Calgary huet de Premier Mark Carney en Donneschdeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj empfaangen. De kanadesche Premier huet dobäi zougeséchert, dass "Kanada ëmmer op der Säit vun der Ukrain" wier. Béid Politiker hunn am Kader vun hirer Renconter e Verspriechen ënnerschriwwen, an deem eng "100 Joer laang Partnerschaft" festgehale ginn ass, déi op d'Sécherheet an d'Ekonomie axéiert ass.

De Carney huet donieft annoncéiert, dass seng Regierung 350 Millioune kanadesch Dollar deblockéiert huet, mat deenen d'Ukrain Loftofwiersystemer kafe kann. Ausserdeem hu béid Länner e laangt Partenariat an der Produktioun vun Dronen ugekënnegt. Dës sollen iwwer e Programm vun den Amerikaner, dee fir alliéiert Ënnerstëtzer vun der Ukrain op ass, u Kiew geliwwert ginn. En Drëttel vun den Dronen, déi a Kanada wäerte produzéiert ginn, wäerten an d'Ukrain goen. Abegraff an deem Accord sinn och Dronen-Ofwier-Systemer.

E weidere Punkt vum Treffen tëscht Carney a Selenskyj war d'Zouséchere vu 430 Milliounen Dollar, mat deenen d'Ukrain Gas soll kënne kafen, fir iwwert den nächste Wanter ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO