
No der Messerattack e Freideg op enger Maartplaz zu Mannheim, enquêtéiert elo den däitsche Staatsschutz. E Mann hat jo no enger islamkritescher Manifestatioun 6 Mënsche blesséiert, iert hie vun engem Policebeamten ugeschoss gouf.
Ee vun de 6 Blesséierten ass e Polizist, dee schwéier mam Messer um Hals blesséiert gouf, an nach ëmmer a Liewensgefor schwieft.
D’Motiv vum Täter ass bis ewell net gewosst. Et soll sech ëm e 25-Joer-ale Mann handelen, dee schonn 2013 aus dem Afghanistan komm ass, an deen eng gülteg Openthaltgeneemegung hat. Hie wier bis ewell nach ni opgefall.
De Virfall war op engem Maart bei engem Stand vun enger Biergerbeweegung, déi als rietspopulistesch gëllt. Op et e politeschen Hannergrond gëtt, ass net gewosst.
D’Stad Mannheim huet eng 300.000 Awunner.