Op enger Walveranstaltung e Samschdeg koum et zu engem Attentat op de fréieren US-President, bei deem dëse blesséiert gouf an eng aner Persoun ëmkoum.

Bei engem Walkampf-Optrëtt am US-Bundesstaat Pennsylvania sinn an der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit Schëss gefall. Den FBI schwätzt vun engem versichte Mord, respektiv geziilten Attentat op den Donald Trump. De fréieren amerikanesche President gouf um rietsen Ouer vun enger Kugel getraff a liicht blesséiert. Ee vun den Trump-Sympathisante koum beim dramateschen Tëschefall ëm d’Liewen. Den Täter gouf no senger Dot vum Secret Service erschoss.

Attentat op den Donald Trump - Wie war den Täter a wat ass gewosst?
Bei engem Walkampfoptrëtt gouf op de fréiere President geschoss. De Republikaner gouf liicht blesséiert, eng aner Persoun ass ëmkomm.

Kapp de richtegen Ament gedréint

Grad just, well hien zu deem richtegen Zäitpunkt de Kapp no riets gedréit huet, gouf den Donald Trump just um Ouer vun enger Kugel gesträift, soss hätt hie se méiglecherweis an de Kapp kritt. Sekonnen drop gouf de fréiere President vun Agente vum Secret Service ofgeschiermt a vun der Tribün bruecht. En hat awer nach de Reflex eng Fauscht ze maachen a "Fight" ze ruffen. Kämpft!
 
Op de Gradinen hannert dem Trump ass eng Persoun ëm d’Liewe komm, déi an der Schosslinn stoung an op d’mannst eng vun de Kugelen aus iwwer 130 Meter Distanz ofkrut. Zwou aner Persoune goufen do verwonnt. Dat Ganzt war nëmme Minutten, nodeems den Donald Trump seng Ried ugefaangen hat, fir seng Sympathisanten, am klenge Duerf Butler 50 Kilometer nërdlech vun der Wirtschaftsmetropol Pittsburgh am wichtege Swing State Pennsylvania, op d'Walen am November anzestëmmen.
 
Sécherheetsleit, déi op Diech hannert der Riednertribün positionéiert waren, konnte kuerz drop de presuméierten Täter, dee sech mat sengem Gewier op engem Dag vun enger Hal niewendrun verschanzt hat, mat Schëss neutraliséieren.

Wie war den Täter?

Den Thomas Matthew Crooks war vu Bethel Park aus dem Süde vu Pennsylvania. Hien hat bis op Butler annerhallef Stonn ze fueren. Den 20 Joer jonke Mann stoung bei der republikanescher Partei als Wieler ageschriwwen an op de soziale Medien hat hie sech 2022 iwwert d’Attentat op de Mann vun der Demokratin Nancy Pelosi doheem zu San Francisco gefreet.

Fir d’Republikaner koum den Attentäter an den éischte Reaktiounen nawell aus dem lénken Eck. Mä hien hat just 16 Joer, wéi den Trump als President ofgewielt gouf. Hie wier dëse 5. November iwwerhaapt eréischt déi éischte Kéier wiele gaangen. Iwwert seng Motiver dierft deemno weider spekuléiert ginn. Méi spéit am Owend koum d'Nouvelle, datt och Sprengsätz am Auto vum Täter fonnt gi wieren. Spezialunitéite wieren ageschalt ginn, fir dës z'entschäerfen.
 
No engem kuerze Passage an der Urgence a Pennsylvania ass den Donald Trump zu Newark a New Jersey gelant. Vun do aus geet et e Méindeg schonn op d’National Konventioun vun de Republikaner op Milwaukee am US-Bundesstaat Wisconsin.

Huet Attentat en Afloss op Campagne vum Donald Trump?

D'Attentat op den Donald Trump huet déi ganz Welt an Otem gehalen. Wärend nach vill Froen ëm d'Hannergrënn vun dëser Dot op sinn, entstinn der genau esou vill dorëm, wat fir Auswierkungen dëse schrecklechen Tëschefall op de Walkampf, d'Rhetorik am Walkampf an och op d'Walresultat dierft hunn.

Attentat op Donald Trump: Aschätzungen aus den USA
Nom Attentat op de Kandidat vun de Republikaner fir d'US-Presidentiellen, hu mir mam Phlilip Crowther geschwat, fir seng Aschätzunge aus den USA ze kréien.

"Well eng éischt grouss Fro ass natierlech, wat fir en Impakt dëse Mordversuch wäert hunn, ob dëse Parteikongress hei zu Milwaukee" bei deem jo den Donald Trump offiziell als Kandidat soll ernannt ginn. Ma net just op de Kongress kéint en en Impakt hunn, de Phlip Crowther wërft d'Fro op, "ob den Toun, ob d'Rhetorik vun dëser Walcampagne sech kéint veränneren, e bësse méi positiv kéint ginn, an natierlech och nach dës Fro, kéint de Fait, datt den Donald Trump esou e Mordversuch iwwerlieft huet, positiv sinn, fir hien an der Walcampagne?"

Huet de Secret Service versot?

Weider Froe ginn dann an eng ganz aner Richtung a riichte sech ënner anerem géint de Secret Service, deenen hiren Job et jo ass, de President, Ex-Presidenten awer och wichteg Kandidate vun de Parteien ze beschützen. "Si hunn natierlech gëschter bei dësem Rallye vum Donald Trump versot", esou den US-Korrespondent. Fir de Philip Crowther besteet dowéinst déi grouss Warscheinlechkeet, datt sech bei den nächsten Optrëtter vum Donald Trump eppes doen dierft an d'Sécherheetsmesuren nach emol däitlech verschäerft ginn. "An de Secret Service natierlech, dat ass ee vun de Geheimdéngschter, deen hie soll beschützen, stinn natierlech elo och ënner engem gewëssenen Drock, fir ze weisen, datt si den Donald Trump kënne beschützen."

De Secret Service betount aktuell awer ëmmer nees, datt d'Attack ausserhalb vum Perimeter koum an esou vun enger Persoun, déi net vun de Sécherheetsleit op Waffen ënnersicht gouf. "Dat ass e wichtegt Detail, mee hie gouf awer och gesi vu verschiddenen Trump-Supporter. Si hunn no der Police geruff a si schéngen net direkt reagéiert ze hunn. Dat kéint och nach e weidert Versoe gewiescht sinn."

Trump elo automatesch gewielt?

"Also eng éischt Reaktioun vu ganz ville Leit, och vu villen Experte war, wou se déi berüümt Foto gesinn hunn, vum Donald Trump no dësem Mordversuch mam Blutt am Gesiicht, wou e seng Fauscht gewisen huet, mam amerikanesche Fändel am Hannergrond, do hu si sech gesot 'dat ass esou e Bild vu Stäerkt vun engem fréiere President, do ass ee bal automatesch gewielt am November als President'." Dat ass awer net esou einfach, gëtt den Expert fir US-Politik ze bedenken, well an den USA bei Walkämpf ëmmer vill passéiert. Ënner anerem si jo vill Leit am Lager vun den Demokraten dofir, den Joe Biden als Kandidat ze remplacéieren.

"Wat elo wichteg wäert sinn, ass ob et wierklech zu engem Wiessel am Toun vun dësem Walkampf wäert kommen, ob et e Wiessel vun der Rhetorik gëtt. Bis elo ass et dozou komm vum Donald Trump selwer, vu senge Fra an och vu verschiddenen anere Republikaner, déi direkt nom Mordversuch gesot hunn, dat ass dem Joe Biden seng Schold. Mä deen Toun schéngt sech verännert ze hunn." Ob et awer dobäi bleift, dat wäerten déi nächst véier Deeg vum Kongress vun de Republikaner weisen, esou de Philip Crowther.