US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien - San Francisco (2)Wat läit den Amerikaner uewen a wéi gesi si sech selwer?

Annick Goerens
D'Amerikaner sinn esou polariséiert wéi nach ni. D'Resultat dovu spigelt sech an der Politik an dat ass och dat, wat een an Europa gréisstendeels matkritt.
© AFP-Archiv

Wéi gesinn d’Amerikaner hiert eegent Land a wat si fir si déi wichtegst politesch Froen, déi an den nächste véier Joer misste gekläert ginn? D’Annick Goerens ass fir eis an den USA ënnerwee, aktuell a Kalifornien.

A grad zu San Francisco an dëser liberal-progressiver Blos, si sech ganz vill Leit bewosst, dass de Rescht vun der Welt eng ganz, nenne mer et emol “speziell” Vue op hir Natioun an d’Politik huet.

  • “Ech mengen, mir gi gesinn als zimmlech gespléckt. An ech denken, dat ass warscheinlech ganz akkurat.”
  • “Mir sinn net alleguer esou extrem, wéi ee kéint mengen”
  • “Eng Saach iwwer Amerikaner: mir sinn egoistesch an extrem verwinnt.”
  • “Ech mengen éierlech, déi amerikanesch Politik ass eng Shit-Show. An et ass verréckt. An ech denke mer heiansdo, dass et wierklech net ka sinn, dass verschidde Leit Trump wielen oder et iwwerhaapt consideréieren, hien ze wielen.”
  • “Et ass eigentlech zimmlech verréckt, wéi d’Leit d’Amerikaner gesinn. Als Clownen, also Laach-Nummeren.”

Wat op der politescher Agenda steet oder wärend groussen Tëleesdebatten ugeschwat gëtt, ass net onbedéngt ëmmer dat, wat de Leit uewe läit. Wat sinn dann d’Haaptsuerge vun den Amerikaner?

  • “Fraerechter!”
  • “Universell Gesondheetsversuergung. Mir sinn eent vun de räichste Länner op der Welt an hunn dat net?”
  • “Fraerechter. An natierlech Immigratioun. An den Trump ass einfach onkontrolléierbar.”
  • “Haaptsächlech d’Rechter vun de Leit. A ganz besonnesch de Fraen.”
  • “Fir mech, dat, wat mech am meeschte beschäftegt, ass de Klimawandel a wéi dat eis Welt impaktéiert. A wéi dat eisen Alldag wäert verännere Punkto Accès op Liewensmëttel a Waasser a Sécherheet.”

Grad d’Fraerechter sinn duerch dem Donald Trump seng Anti-Ofdreiwungsagenda fir vill Leit eng Prioritéit ginn an Haaptgrond, seng Konkurrentin Kamala Harris ze wielen. Opgepasst, mir sinn hei zu San Francisco an enger progressiver Hippie-Stad, wou d’Leit ganz anescht ticke wéi am Rescht vum Land.

Esou gesinn d'Amerikaner sech selwer an d'Presidentiellen
Mir hu bei de Leit an den USA nogefrot, ewéi si sech selwer gesinn a wat hinne bei de Wale wichteg ass

US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (1): D’Jill Kries erkläert eis wéi de Sunshine State politesch tickt

Back to Top
CIM LOGO