Kuerz viru sengem Doud huet de Poopst e Sonndeg den "Urbi et Orbi" Seege ginn an de 35.000 Gleewege virum Péitersdoum schéin Ouschtere gewënscht.  

De Poopst François war um Enn vun der Ouschtermass effektiv op de Balcon vum Péitersdoum zu Roum komm. Laang war dat net sécher. No enger liewensbedreelecher Longenentzündung war seng Gesondheet nach ëmmer ugeschloen.

Seng Presenz op der Ouschtermass war am Viraus net confirméiert ginn.

Am Rollstull, awer ouni Sauerstoffmask hat hie sech awer un déi Gleeweg geriicht. Seng Ried, huet hien net selwer virgelies. Dat hat hien engem Mataarbechter iwwerlooss.

De Poopst François

De Poopst huet sech staark gemaach fir Fridden am Noen Osten, fir d'Palästinenser an d'Israeelien. Virun allem am Gaza wier déi humanitär Lag ze verurteelen, esou de Poopst. Et bréicht eng Wafferou. Hie condamnéiert den Antisemitismus, dee weltwäit zouhuele géif.

De Poopst hat och den Appell fir Fridden an der Ukrain gemaach

Kuerz viru sengem Optrëtt um Balcon vum Péitersdoum hat hien eng kuerz Entrevue vun e puer Minutte mam US-amerikanesche Vize-President JD Vance. Virun zwee Méint hat de Pontifex d'Migratiounspolitik vun der Trump-Administratioun ganz staark kritiséiert.

E Méindegmoie koum aus dem Vatikan dunn d'Noriicht, datt de Poopst François gestuerwen ass. Fannt hei e Réckbléck op dem Pontifex säi Liewen a Wierke wärend sengen 12 Joer als Chef vun der kathoulescher Kierch.