De Poopst François ass dout
De Pontifex ass am Alter vun 88 Joer zu Roum gestuerwen. Dat huet de Vatikan op Ouschterméindeg moies matgedeelt.
E Sonndeg nach hat de Chef vun der kathoulescher Kierch mat schwaacher Stëmm den traditionelle Seegen "Urbi et Orbi" um Balcon vum Péitersdoum ginn, dat viru enger 35.000 Leit. De 14. Februar war hie wéinst enger schwéierer Bronchitte an d'Spidol ageliwwert ginn, aus dëser hat sech eng béidsäiteg Longenentzündung entwéckelt. Wärend sengem Openthalt am Spidol hat hien ëmmer nees méi oder manner schwéier Otemkrisen.
Weltwäit hate Mënschen an de leschte Woche fir de Jorge Mario Bergoglio gebiet, och zu Lëtzebuerg, wou hien de 26. September 2024 op Besuch war.
De François war deen 266. Poopst a war den 13. Mäerz 2013 annoncéiert ginn, kuerz nodeems säi Virgänger demissionéiert hat.
De Jorge Mario Bergolio, wéi de Poopst mat biergerlechem Numm geheescht huet, gouf als Kand vun italieeneschen Immigranten an Argentinien gebuer an hat den Numm François gewielt, als Erënnerung un de Franz vun Assisi, dee säi Liewen der Bescheidenheet an der Aarmut dediéiert hat.
Zu Lëtzebuerg hat de Poopst och en Appell gemaach, déi Äermst op der Welt net am Stach ze loossen.
“Räichtum ass och eng Responsabilitéit. Ech froen Iech dofir déi Äermst Natiounen op der Welt net ze vernoléissegen.”
De François war den éischte Latäinamerikaner um hellege Stull a virun allem och den éischte Jesuit un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch. Eppes wat heiheem den deemolegen Äerzbëschof, a selwer Jesuit, Jean-Claude Hollerich gefreet huet:
“Et ass natierlech eng besonnesch Freed. Ech hätt ni geduecht, datt dat méiglech wier, dass e Jesuit géif Poopst ginn.”
An elo ass et um Konklav, e Successeur fir de François ze fannen.
Am Virfeld ass och alt emol den Numm vum Kardinol Hollerich gefall. Ee Jesuit wéi de François, deen am "inner circle" zu Roum u Gewiicht gewonnen huet.
E Bléck zeréck op dem Poopst seng Visitt zu Lëtzebuerg
D’Kierch war houfreg, datt de Pontifex op Invitatioun vum Grand-Duc fir aacht Stonnen op Lëtzebuerg koum. De Weibëschof Léon Wagner sot véier Méint drop bei eis am Background, datt dës Visitt eng Auszeechnung fir d’Lëtzebuerger Kierch a fir d’Lëtzebuerger Land war. Ma d’Kierch konnt - wat d’Zuel vun de Gleewegen ugeet - net dovunner profitéieren. Am Contraire.
Am September an am Oktober 2024 sinn 80 Leit ausgetrueden. Bei 200 Austrëtter, déi ee soss an der Moyenne am Joer huet. E Peak, deen d’Kierch selwer mat Aussoe vum Pontifex zwee Deeg drop an der Belsch a Verbindung bruecht hat. Ma och am Grand-Duché gouf et eng Ausso, déi op verschiddene Plaze kritesch opgeholl gouf.
"Ech hunn d’Gebuertenzuelen zu Lëtzebuerg gesinn. Dir braucht méi Kanner. Wannechgelift, si sinn Zukunft. Ech soen net méi Kanner a manner Muppen, dat soen ech an Italien, mä hei méi Kanner.”
Am Cercle an der Stad hunn d’Invitéen nach doriwwer geschmunzelt, bei villen anere Leit huet déi Ausso fir Kapprëselen oder souguer Roserei gesuergt. Nach däitlech méi haart gouf d’Kritik no der Visitt an der Belsch, wou Studente vun der Uni Louvain wollte wëssen, wéi de Poopst François d’Roll vun der Fra gesäit.
“Mir mussen eis drun erënneren, datt d’Fra am Zentrum vun der Heilsgeschicht steet. Duerch de “Jo” vun der Maria ass Gott selwer op d’Welt komm. D’Fra ass e fruchtbaren Accueil, ëmsuergen, lieweg, dedikass.”
Studenten an Enseignante vun der kathoulescher Universitéit hunn an engem Bréif géint dës Ausso protestéiert. Am Fliger fir heem hat de Poopst dunn och nach gesot all Dokter, deen e Kand géif ofdreiwen, wier en Optragsmäerder.
Eng Visitt, déi deemno e méi battere Goût hannerlooss huet, och wann de Pontifex sech an der Belsch offiziell fir de Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch entschëllegt huet an drop gehalen huet, mat Affer zesummen ze kommen, fir hinnen nozelauschteren a sech perséinlech z’entschëllegen.