D'Welt reagéiert op den Doud vum Poopst François
Weltwäit ginn et scho Reaktiounen op d'Annonce vum Poopst François sengem Doud, sou zum Beispill vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
De Premierminister dréckt seng Trauer op der Plattform X aus an erënnert och drun, wat fir eng Éier et gewiescht wär, de Poopst François hei am Land z'empfänken.
Den Ament ass de Luc Frieden jo berufflech ënnerwee fir eng Visitt a Japan. Vu Frankfurt aus huet en RTL géintiwwer seng Trauer iwwer den Dout vum Poopst François ausgedréckt. Hie wär eigentlech en atypesche Pontifex gewiescht, mengt de Luc Frieden.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet ënner anerem dem Poopst säin Engagement doranner betount, déi kathoulesch Kierch ze moderniséieren. Och wann een net ëmmer déi selwecht Meenung zu allem gedeelt hätt, hätt een awer dem anere seng Vue an och sech selwer géigesäiteg ëmmer respektéiert.
Géigeniwwer RTL huet de Xavier Bettel dunn och nach emol betount, datt et dem Poopst säi Verdéngscht wier, datt sech eng ganz Rei Chrëschten an der Kierch nees méi wuel gespiert hätten.
Och d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg huet reagéiert an an engem Communiqué dem Poopst seng Philanthropie ervirgestrach.
An och de franséische President Macron, de spuenesche Premier Sanchez, oder nach d'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen: si all traueren ëm de Poopst an hiewe virun allem säin Engagement fir déi vulnerabelst ënnert eis ervir.
D'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen huet iwwerdeems betount, si géif hoffen, datt dem Poopst François säin Ierwen d'Mënschen an eng méi baarmhäerzeg Welt leet.
De Friedrich Merz huet ervirgestrach, datt de François mat sengem Glawen an Engagement och weltwäit Mënsche beréiert hätt, egal wéi eng Relioun si haten.
Den israeelesche President Isaac Herzog lueft de verstuerwene Pontifex als Mann vun déiwem Glawen an Matgefill. Hien hätt déi enk Liene mat der jiddescher Welt gestäerkt.
Selwecht Téin aus dem Iran. D'Spriecherin vum iraneschen Ausseministère huet de Chrëschte weltwäit hiert Bäileed ausgeschwat. Den gréisstendeels muslimeschen Iran fleegt gutt Relatiounen mam Vatikan.
Jean-Paul Muller, Chef-Ökonom vun der Salesianer-Kongragatioun reagéiert op den Doud vum Poopst
Och fir de Lëtzebuerger Jean-Paul Muller, deen am Vatikan schafft, koum d'Nouvelle iwwert den Doud vum Poopst iwwerraschend. De Pit Everling huet e Méindegmëtteg mam Lëtzebuerger Geeschtlechen, dee Chef-Ökonom vun der Salesianer-Kongregatioun mat Sëtz zu Roum ass. Hie war e Méindeg de Moien ënnerwee op Roum, wéi hien den Doud vum Pontifex matgedeelt krut.
"Ech hunn den éischten Uruff kritt, kuerz virun 8, an ech hu geduecht, dat wär iergendwéi net richteg, eppes falsch verstanen ze hunn. Dono hunn ech awer gesinn, datt et schonn an den Noriichte war. Dat war fir mech eng Surprise, well gëschter hunn ech de Poopst jo nach gesinn, an och vill Leit hunn e jo gesinn, well e war jo op der Place Saint-Pierre, an et huet ee gesinn, datt e ganz schlecht dru war, mee et huet kee Mënsch warscheinlech domat gerechent, datt hien de Moien net méi do wär."
An de leschte Wochen an Deeg hätt et jo dono ausgesinn, wéi wann de Poopst um Wee vun der Besserung wier, sou de Jean-Paul Muller. Am Kader vu senge berufflechen Aktivitéiten huet hien de Poopst François och perséinlech begéint.
An de Chef vun der kathoulescher Kierch hätt seng Mataarbechter kannt.
"Hie war e Mann, deen huet jo immens vill Leit gesinn, mee en huet en immens gutt Gediechtnes gehat. Also ech hu jo eng Zäitchen de Conseil ecclésiastique vun der Ambassade vu Lëtzebuerg, beim Saint-Siège, doduerch hu mir hien natierlech op d'mannst zweemol am Joer gesinn, ganz kuerz fir ëm d'Hand ze ginn, op Neijoerschdag oder wéi elo zum Beispill Ouschteren, wann en d'Leit do empfaangen huet. An dat interessant war, datt hie sech ëmmer drun erënnert huet, hien huet ëmmer zum Beispill eng Fro gestallt: kann den Ökonom nach gutt schlofen? A wann ech do gesot hunn, jo, ech schlofen nach gutt, do sot en, majo dann ass et nach keng grouss Gefor"
Wat de Mataarbechter aus dem Vatikan aus de Joren ënnert dem Jorge Mario Bergoglio zeréckbehält, ass ënner anerem säin Engagement fir Zesummenhalt. Dat wier och op Ouschtersonndeg nach emol däitlech ginn.
"D'Priedegt, déi een zwar net gehalen huet, mä déi verlies ginn ass, an der Mass vun Ouschteren, wou hie geschwat huet iwwer d'Welt, déi quasi an eenzel Stécker zerfall ass, datt déi Welt net méi eeneg ass. An dat huet hien ëmmer méi intensiv gemaach an ënnerstrach. An ech gesinn an him och e richtege Prophet fir eis Zäit"
De Jean-Paul Muller gesäit eng gewëss Symbolik dran, datt de Poopst François grad op Ouschterméindeg gestuerwen ass, um Dag wou d‘Apostelen ënnerwee sinn op Emmaus a wou eng nei Welt opgeet, sou nach de Lëtzebuerger Geeschtlechen, deen am Vatikan schafft.