En Donneschdeg sinn nees Rakéiten tëscht dem Iran an Israel geflunn. Et ass elo de siwenten Dag, datt de Konflikt tëscht deenen zwou Parteien eskaléiert.

Wéi et vun offizieller Säit heescht, wëll den US-President Donald Trump bannent den nächsten zwou Wochen decidéieren, ob d'USA an de Konflikt tëscht Israel an dem Iran antrieden.

Dem President senger Spriecherin Karoline Leavitt no, déi aus enger Matdeelung vum Trump zitéiert huet, géif et eng "grouss Chance op Verhandlungen" mat dem Iran ginn. Déi kéinten "geschwë stattfannen, oder och net". Dovunner géif de President et "bannent den nächsten zwou Wochen ofhängeg maachen, ob [hien] antrëtt, oder net." Den Trump wéilt eng diplomatesch Léisung, ma iewescht Prioritéit wier et, sécherzestellen, datt den Iran keng Atomwaffen kritt.

Vertrieder vum Iran an europäesch Diplomaten hunn annoncéiert, datt e Freideg zu Genf Gespréicher zu den nukleare Kapazitéite sollen ofgehale ginn. Et gi sech Diplomaten aus Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, der EU an den iraneschen Ausseminister Abbas Araghchi erwaart.

Dem "Wall Street Journal" no huet den Trump Ugrëffspläng zougestëmmt, ma hie géif waarde fir ze gesinn, ob den Iran säin Atomprogramm opgëtt.

Russland, een Alliéierte vum Iran, dreet iwwerdeems, eng US-Militärinterventioun wier "een extreem geféierleche Schratt".

Ee Spidol am Süde vun Israel gouf vun iranesche Missile getraff, heescht et vun den Autoritéiten. Dem Spidolsdirekter no wiere 40 Leit blesséiert ginn. Dat israeelescht Militär mellt iwwerdeens eng Attack op een "net-aktiven Nuklear-Reakter" zu Arak am Iran.