Parlamentswalen a GriichenlandAbsolutt Majoritéit fir konservativ Partei vum Mitsotakis

RTL Lëtzebuerg
A Griicheland gouf e Sonndeg fir déi zweete Kéier bannent 5 Wochen een neit Parlament gewielt.
De Kyriakos Mitsotakis
De Kyriakos Mitsotakis
© AFP/ARIS MESSINIS

A Griicheland huet déi konservativ “Nea Dimokratia” d’Parlamentswale gewonnen, an zwar mat däitlechem Virsprong. Déi 40,6 Prozent fir d’Partei vum Premier Kyriakos Mitsotakis ginn duer, fir eleng ze regéieren.

Nodeems d’Walgesetz a Griicheland ofgeännert gi war, kann déi stäerkste Partei bis zu 50 zousätzlech Bonus-Sëtz am Parlament kréien. D’Nea Dimokratia huet do elo eng absolut Majoritéit.

Am ganzen hunn aacht Parteien de Sprong an d’Chamber zu Athen gepackt, dorënner och déi rietsextrem Spartaner (4,6 Prozent). Där hir neo-faschistesch Virgängerpartei war verbuede ginn.

Déi gréisst Oppositiounspartei, déi lénk Syriza vum Ex-Regierungschef Alexis Tsipras, koum e Sonndeg op 17,8 Prozent vun de Stëmmen. Am Mee hat se sech nach 20 Prozent vun de Stëmme geséchert. Alles an allem sinn 32 Parteien ugetrueden.

E Méindeg am spéiden Nomëtteg huet de 55 Joer ale Mitsotakis dann och den Eed viru Vertrieder vun der orthodoxer Kierch ofgeluecht an domadder seng zweet Amtszäit als Ministerpresident ugetrueden.

Back to Top
CIM LOGO