De Conseil de l’Europe huet en Donneschdeg en Appell gemaach, zu Stroossbuerg en internationaalt Geriicht ze schafen, fir d’Enquêten ze maachen an de Verbrieche nozegoen. Dat internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag kann dat net, well Russland do net Member ass. De Kreml warnt iwwerdeems de Westen: wien d’Ukrain mat Waffen ënnerstëtzt, misst mat “blëtzschnelle” Reaktioune rechnen.
Mariupol an d’Zivilisten an de Katakombe vum Stolwierk Azovstal stinn nach ëmmer d’Hell aus. D’Ukënnegung vum Kreml virun 10 Deeg, fir d’Attacken op de Site ze stoppen, war e klasseschen Täuschungsmanöver. Elo soll d’UNO de Suivi garantéiere vun de geplangten Evakuatioune vun den Zivilisten – op deen Accord vu Moskau en Donneschdeg un den UNO-Generalsekretär Guterres méi wäert ass, muss sech weisen.
De Guterres ass mëttlerweil op Kiew weidergereest a léisst sech déi vu Russland geschännte Stied Butscha, Irpin a Borodyanka weisen. “Dee Krich wier eng Absurditéit am 21. Joerhonnert” ass dat Zitat, wat d’Welt vum Dag vun haut wäert zréckbehalen. Et waren d’Wierder vum portugisesche Friddensbuet Guterres an den zerstéierte Viruerter vu Kiew.
Zu Charkiw dogéint ass d’Gefor an och de Stress nach net ausgestanen. Och en Donneschdeg ass eng Persoun – en Zivilist – bei Bombardementer ëm d’Liewe komm, just well se zum falschen Zäitpunkt dobausse war an déidlech vu Splitter getraff gouf. Déi iwwer 60 Deeg Invasioun hunn och psychologesch déif Wonnen hannerlooss.
“Et ass net just Angscht, et ass méi wéi Bauchwéi. Nuets ass et schrecklech. Bei Bombardementer am Dag kann ee fortkommen an... Mee nuets ass net ze beschreiwen.”, esou eng Awunnerin vu Charkiw.
Fir de Rafael Grossi, de Generaldirekter vun der Internationaler Atomenergie-Agence vu Wien, ass et déi ukrainesch Atomzentral vu Saprischschja, déi de Wëssenschaftler Suerge mécht. Am Géigesaz zu Tschernobyl ass do eng Visitt net méiglech. Mat 6 Reakter ass et déi gréissten Zentral an Europa a si gëtt den Ament vu russeschen Truppe kontrolléiert.