
“Eis Auswäertung ergëtt dat selwecht wéi déi vun der UNO, nämlech datt den neien De-facto-Chef vun Al-Kaida, Said al-Adle, am Iran ass”, huet e Spriecher vum US-Ausseministère e Mëttwoch erkläert.
Een Dag virdrun hat och d’UNO e Rapport publizéiert, an deem si den al-Adl als Chef vum Terrorgrupp genannt hunn. Hie wier allerdéngs wuel aus zwee Grënn net offiziell zum “Emir” vum islameschen Terrornetzwierk ausgeruff ginn. Engersäits well et eng delikat Affär ass, well d’radikalislamesch Taliban am Afghanistan net wëllen zouginn, datt den Al-Kaida Chef al-Sawahiri d’lescht Joer vun den USA an engem Haus zu Kabul ëmbruecht gouf. Anerersäits lieft de Said al-Adl am Iran an domat an engem majoritär schiitesche Land, wougéint d’Al-Kaida eng sunnitesch Grupp ass.
Den haut ëm déi 60 Joer alen ad-Adl war fréier Ieweschte-Leutnant vun den ägyptesche Spezial-Unitéiten. Hien huet zu der aler Gard vun Al-Kaida gehéiert a war Aschätzunge vun der Net-Regierungsorganisatioun Counter Extremism Project no doru bedeelegt, d’Attentäter vum 11. September 2001 fir hiren Asaz an enger Partie Passagéierfliger auszebilden.
Zanter 2002 oder 2003 soll den ad-Adl am Iran liewen, wou hien um Ufank ënner Hausarrest gestallt gouf, wéi den FBI-Ermëttler Ali Soufan schreift. Méi spéit wier den Ägypter awer vum Iran aus an de Pakistan gereest. “De Said ass ee vun den experimentéiertste professionellen Zaldote vun der weltwäiter dschihadistescher Beweegung a säi Kierper dréit d’Spuere vum Kampf”, esou den Ali Soufan 2021 iwwert den ad-Adl.