
Esou ënnert anerem zu Berlin, wou d’Demonstranten zanter 8 Auer e Freideg de Moien eng Partie Haaptverkéiersachse blockéieren. Dat ënner anerem bei der Siegessäule a beim Hauptbahnhof.
Wéi et vun der Gruppéierung heescht, sinn a ganz Däitschland 36 Sëtzblockaden a 26 Stied geplangt.
D’Aktioune solle sech der Grupp no géint déi däitsch Regierung riichten, déi géint hiert eegent Klimaschutzgesetz verstousse géif. Wéi et vun der Spriecherin vun der Gruppéierung Carla Rochel heescht, géif déi däitsch Regierung d’Gesetz briechen an d’Gesellschaft an de Kollaps féieren. Dowéinst wier et d’Flicht vu “Letzte Generation” friddleche Widderstand ze leeschten.
Schonn en Donneschdeg haten Aktiviste vum Grupp wärend e puer Stonne Fluchhäfen zu Düsseldorf an Hamburg blockéiert.