USAAlibaba, Baidu a BYD kommen op Lëscht vun Entreprisen, déi d'chineesescht Militär ënnerstëtzen

RTL mat AFP
Verschidde vun de Firme wiere sech aktuell dogéint, datt si vun den USA als Ënnerstëtzer vum chineesesche Militär agestuuft ginn.
© AFP/Archiv/STR

D'USA hu verschidde chineesesch Entreprisen, dorënner den Online-Händler Alibaba, d'Internetentreprise Baidu an den Autoshiersteller BYD, op d'Lëscht vun de Firme gesat, déi dat chineesescht Militär ënnerstëtzten. Den US-Verdeedegungsministère huet e Méindeg den Update vun dëser Lëscht publizéiert. Duerch dëse Schratt kéint et zu neie Streidereien am bilaterale Verhältnis tëscht den zwou gréisste Ekonomien op der Welt kommen.

"Dës aktualiséiert Lëscht vu chineesesche Militärentreprisen ass eng Warnung un amerikanesch Entreprisen, un all d'Levele vun der Regierung an un déi ganz amerikanesch Populatioun", esou de republikanesche Politiker John Moolenaar, deen de Virsëtz vun der Spezialkommissioun fir China vum Representantenhaus huet. Hie fuerdert d'US-Entreprisen op, "keng Geschäfter méi mat dëse Menacë fir eis national Sécherheet ze maachen", well si soss riskéieren, "den Opstig vum chineesesche Militär ze ënnerstëtzen".

D'Firma Baidu huet sech dogéint gewiert, datt si dat chineesescht Militär sollen ënnerstëtzen. Alibaba huet et als "Feeler" bezeechent, datt si op dës Lëscht gesat goufen an hu reschtlech Schrëtt annoncéiert.

Schonn am Februar hat den US-Verdeedegungsministère eng aktualiséiert Lëscht vu chineesesche Militärsupporter verëffentlecht, deemools awer ouni Erklärung nees zeréckgezunn. Déi nei Lëscht ass awer quasi identesch. Zwee chineesesch Hiersteller vu Computerchippen ChangXin Memory Technologies und Yangtze Memory Technologies waren am Februar vun der Lëscht verschwonnen, stinn elo awer nees drop.

Weider goufen Entreprise wéi de Pharmaproduzent WuXi App Tech an d'Start-up Unitree, dat humanoid Roboter hierstellt, op d'Lëscht gesat. Och wann dëst fir vill Entreprise wéineg rechtlech Konsequenzen huet, gëtt dëst als en éischte Schratt ugesinn, fir weider Strofmesurë géint d'Firmen ze decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO