
"Am Rennweg" zu Regensburg ass et en Donneschdeg géint 14:50 Auer am Nomëtteg zu engem Bankiwwerfall komm.
De presuméierten Täter war mat engem Messer arméiert an huet sech bis 18 Auer an der Bank opgehalen. 2 weider Geisele goufe vun der Police befreit. Den Täter, een 20 Joer alen Däitschen, gouf vun der Police festgeholl.
Den Mann, deen am Spidol gestuerwen ass, wéinst enger Messerattack vum Täter, war een Employé vun der Bank.
D'Police war mat engem grousse Kontingent, dorënner Spezialkräfte an engem Helikopter, am Asaz.
