Kris wéinst Iwwerlaaschtung vum PersonalAm Spidol "Bel-Air" zu Diddenuewen sollen 12 nei Poste geschaaft ginn

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 30. Dezember zejoert si 54 Fleeger an Infirmiere vum Spidol am Krankeschäin, well se iwwerlaascht sinn.
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN AFP

D’Direktioun wëll elo reagéieren an huet proposéiert, 12 weider Vollzäit-Tâchen ze schafen. Domat soll dat aktuellt Personal entlaascht ginn. Dat melle verschidde franséisch Medien, dorënner ënner anerem “France Lorraine Bleu”. Ausserdeem wëll d’Spidol sech elo bei bei de Garden an den Urgencen anescht opstellen. En Dënschdeg gouf et dowéinst eng Entrevue tëscht der Direktioun an de Fleeger.

Den Ament funktionéiert d’Urgence am Spidol nëmmen zum Deel. Patiente ginn a Klinicken an der Ëmgéigend bruecht. Wéi de Quotidien mellt, deels och an de Centre hospitalier op Esch.

D’Personal soll am Laf vum Mëttwoch eng Decisioun treffen, ob een d’Propositioune vun der Direktioun acceptéiert, an d’Leit aus hire Krankeschäiner zeréckkommen.

Weider Detailer fannt dir bei eise Kolleege vum 5 Minutes!

Back to Top
CIM LOGO