Am Interview mat de Kolleege vun RTL Today huet den Ambassadeur Thomas M Barrett erkläert, ewéi d’Ambassade US-Bierger am Ausland beim Wielen an den USA ënnerstëtzt a firwat d’Walen an den USA och bei de Lëtzebuerger op esou e groussen Interessi stéisst. Ausserdeem ass hien op d’Eenzegaartegkeet vum amerikanesche Walsystem agaangen, huet erkläert, ewéi wichteg Transparenz fir eng funktionéierend Demokratie ass an huet duergeluecht, mat wéi engen innepoliteschen a globalen Erausfuerderungen den nächsten US-President wäert konfrontéiert sinn.
Wielen aus dem Ausland an de Lëtzebuerger Interessi un den US-Walen
Virop huet den Ambassadeur erkläert, ewéi d’Ambassade d’US-Bierger, déi vu Lëtzebuerg aus bei de Presidentielle wëlle wielen, ënnerstëtzt. An der Ambassade selwer kéinte si zwar net wielen, ma d’Ambassade géif sougenannten “diplomatesch Enveloppen” zur Verfügung stellen, déi sécherstelle géifen, dass d’Walziedele sécher an hirem jeeweilege Wal-Distrikt ukommen.
Wie vu Lëtzebuerg aus an den US-Presidentielle wéilt wielen, sollt allerdéngs bedenken, dass et mat der normaler Post ronn 20 Deeg bräicht, bis de Walziedel an den USA ukënnt. Wien also wéilt sécher goen, dass den eegenen Ziedel nach mat Zäit ukënnt, sollt vläicht op e private Post-Déngscht zeréckgräifen. D’Leit sollten och am Bléck behalen, dass d’Ufuerderungen, wéini en Ziedel muss ukommen, dass en nach zielt, jee no Bundesstaat anerer sinn.
Den Ambassadeur huet sech dann och positiv iwwerrascht iwwert de groussen Interessi gewisen, op deen d’US-Presidentiellen esouwuel bei den Amerikaner hei am Land ewéi och bei de Lëtzebuerger treffen. Hie géif feststellen, dass d’Leit ganz interesséiert un den USA wieren an dorun, wéi et no de Wale weidergeet. Dat esouwuel wat déi amerikanesch Inne- ewéi och d’Aussepolitik betrëfft.
Den Thomas M Barrett huet dann och verroden, dass hien, wann et an déi decisiv Phas geet, näischt vun deem wäert verpassen, wat a sengem Heemechtsland wäert vu sech goen: “Wann de Waldag bis do ass, wäert ech wuel souzesoen um Ecran pechen. Ech verfollegen d’Politik scho laang a fir mech ass se den ultimative Sport fir matzemaachen. Dat well se nëmmen esou gutt ass, ewéi mir se maachen. Deementspriechend denken ech, dass et wichteg ass, dass d’Leit sech an de Walprozess abréngen. Demokratië sinn nämlech am stäerksten, wann d’Leit matmaachen.”
Den Ambassadeur ass dann och op déi eenzegaarteg Struktur vum amerikanesche Walsystem agaangen. Wéinst dem Electoral College géif et sech bei den US-Walen souzesoen ëm 51 verschidde Walen an den eenzele Bundesstaaten an an am District of Columbia handelen. Dat géif dozou féieren, dass d’Kandidaten hire Walkampf besonnesch op déi siwe sougenannt Swing States géife fokusséieren, wou den Ausgang manner kloer wier.
Op dës Staate géif sech e groussen Deel vun den Ustrengunge konzentréieren. D’Presidentschafts- a Vizepresidentschaftsandidaten, hir Partner an och fréier Presidente vun der jeeweileger Partei géifen hei versichen, Wieler ze mobiliséieren. Bei dësen Explikatiounen huet den Ambassadeur op en Neits betount, dass Demokratie vum Engagement vun de Bierger ofhänkt, an dass se nëmmen esou gutt funktionéiere géif, ewéi d’Leit se géife funktionéieren doen.
Am Thomas M Barrett sengen Erklärunge schwéngt eng grouss Bewonnerung fir de Walprozess mat. Hien huet dann och verroden, dass et him géif vill Spaass maachen, ze gesinn, ewéi Demokratie an der Praxis funktionéiert: “Wärend dëser Zäit vum Joer ginn ech ëmmer ganz opgereegt, well esou vill vum Spill steet. Et kann een nervös maachen an och beängschtegend oder esouguer deprimant sinn. Et kann een awer och richteg matrappen.”
Dem Ambassadeur no géif den amerikanesche Walsystem sech duerch en héije Grad un Transparenz auszeechnen, wat och eng vu senge grousse Stäerkte wier: “Eng Saach, déi ech ëmmer iwwer d’amerikanesch Politik soen ass, dass mir, am Géigesaz zu anere Länner a besonnesch am Géigesaz zu totalitäre Länner, eis knaschteg Wäsch an der Ëffentlechkeet wäschen. Dat zeechent eng Demokratie aus. D’Leit kënnen déi manner schéin Aspekter vun de Kandidate grad esou gesinn ewéi hir Stäerkten. Ech war nach ëmmer der Usiicht, dass Sonneliicht dat stäerksten Desinfektiounsmëttel ass. Jee méi Transparenz mer hunn a jee méi d’amerikanescht Vollek gesäit, wat viru sech geet, desto méi warscheinlech ass et, dass mir, op laang Siicht, besser Resultater fir eist Land kréien.”
Op d’Fro, ob déi rezent Attacken, zu deenen et am Kader vum Walkampf komm ass, säi Vertrauen an d’Sécherheet vun de Walen ënnergruewen hunn, huet den Thomas M Barrett geäntwert, dass hien en “enormt Vertrauen an d’Integritéit” vun de Walen hätt. D’Leit, déi sech ëm d’Organisatioun vun de Wale géife këmmeren, wiere “richteg Patrioten”, déi sech der Demokratie an der Transparenz verschriwwen hätten. Seng Karriär an der Politik, wärend där hien 18 Joer laang Buergermeeschter vu Milwaukee war a wärend fënnef konsekutive Legislaturperioden am US-Representantenhaus souz, hätt seng Siicht, dass den amerikanesche Walsystem trotz de rezenten Erausfuerderunge géif stabil bleiwen, gestäerkt.
Wat d’Attraktivitéit vu béide Kandidate betrëfft, ass den Ambassadeur der Meenung, dass dës jeeweils eege politesch Visiounen an Approchen hätten. Den Donald Trump wier virun allem bei Leit beléift, déi d’Gefill hätten, dass d’Regierung net fir si do wier an déi staark op d’illegal Immigratioun fokusséiert wieren. D’Kamala Harris géif dogéint staark u Gläichberechtegung gleewen an dorun, dass ee misst sécherstellen, dass d’Stëmm vun de Bierger gehéiert gëtt.
En Vue vun der Wichtegkeet vun de Walen, misste béid Kandidaten elo och Wielergruppen uschwätzen, déi traditionell méi no beim politesche Géigner wieren: “Et ass en haarde Kampf. Dat erkennt een dorun, dass ee gesäit, ewéi den Donald Trump versicht Gruppen unzeschwätzen, déi traditionell net déi Republikanesch Partei ënnerstëtzt hunn. Op der anerer Säit gesäit een dann, dass d’Kamala Harris a Géigende geet, an deenen d’Leit traditionell republikanesch wielen, a versicht d’Leit dovun ze iwwerzeegen, dass hir Kandidatur iwwer d’Parteigrenzen ewech geet.”
Dës Presidentielle wäerten dem Diplomat no wuel esou knapp sinn, ewéi nëmme méiglech: “Kee weess genau, wat wäert passéieren. Kee weess, wéi d’Resultat wäert sinn. Wann een Iech seet, dass e weess, wat wäert passéieren, da blufft en oder erfënnt eppes. Dat weess nämlech keen.”
Béid Kandidate géifen den Ament alleguer hir Ustrengungen drop fokusséieren, déi ondecidéiert Wieler ze erreechen: “Ech ginn dovun aus, dass aktuell 95 Prozent vun de Wieler decidéiert hunn, wie si wielen. Also ginn alleguer d’Suen, alleguer d’Optrëtter op 5 Prozent vun de Wieler fokusséiert.”
Den Ambassadeur huet och mat engem Schmunzelen op den Afloss verwisen, deen d’ondecidéiert Wieler aktuell, besonnesch an de Swing States hunn: “Et kann een net méi beléift ginn. Wann een en ondecidéierte Wieler an engem Swing State ass an dat de Leit matdeelt, kéint et sinn, dass d’Kandidate perséinlech fir d’Owesiesse bei een heem kommen. Därmoossen enk geet et a verschiddene Géigenden zou.”
Op den nächsten US-President géifen dann esouwuel innen- ewéi och aussepolitesch Erausfuerderungen duerkommen. D’Amerikaner géifen innepolitesch Ugeleeënheeten ewéi Immigratioun, Fraerechter, Waffebesëtz a Liewensmëttelpräisser generell als méi wichteg anuerdnen ewéi aussepolitesch Sujeten.
Leit, déi d’Walen an den USA aus dem Ausland beobachten, wieren dogéint méi staark op d’US-Aussepolitik fokusséiert: “Een Thema ass mat Sécherheet d’Ukrain a wéi et mat eiser Ënnerstëtzung fir si weidergeet. Wäert et hei zu Ännerunge kommen? Dat, wat den Ament am Noen Oste passéiert, ass weiderhin en Thema, dat wichteg fir d’Welt ass. Ech denken och, dass dat wat den Ament am Sudan passéiert e groussen Afloss op d’Zukunft vun Afrika a vun der Welt wäert hunn.”
Zum Schluss vum Gespréich huet den Thomas M Barrett ënnerstrach, dass d’Essenz vun der amerikanescher Demokratie trotz dëse globalen Erausfuerderungen an der Fräiheet vum Eenzele läit, seng Prioritéite selwer ze bestëmmen. D’Leit an den USA géif e sech net virschreiwe loossen, wat déi wichtegst Ugeleeënheete sinn. Dat géing bedeiten, dass d’Wal um Enn duerch déi Themen decidéiert gëtt, déi d’Leit an hirem Alldag beschäftegen: “Am Endeffekt wëlls de eben dee Kandidat, bei deem s de fills, dass e sech am meeschte mat där selwer, denger Famill, dengen Erausfuerderungen an dengem Liewen identifizéiert. Ganz egal wou op der Welt, dass de bass, du wëlls sécher sinn, dass d’Persoun, déi s du ënnerstëtz, dech an deng Famill versteet.”
