Grenz an der der entmilitariséierter Zon iwwerschrattAmerikanesche Staatsbierger an Nordkorea festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En US-Amerikaner ass wärend enger Visitt vun der entmilitariséierter Zon tëscht Süd- an Nordkorea onerlaabt iwwert d'Grenz an Nordkorea gaangen.
© ANTHONY WALLACE AFP

De Mann gouf doropshi festgeholl. Dat hunn d’Vereenten Natioune matgedeelt. Et géif ee mat der nordkoreanescher Arméi zesummeschaffen, fir de Virfall ze léisen.

Süd- an Nordkorea si bis haut formal mateneen am Krich, well nom Koreakrich an de 50er-Joren ni e Friddensaccord ënnerschriwwe gouf. Zanterhier gëtt et déi demilitariséiert Zon op béide koreanesche Säiten. Dës ass e beléiften Touristenzil.

Nordkorea hat seng Grenzen um Ufank vun Corona-Pandemie 2020 zou- a bis haut net méi opgemaach. Donieft gouf vill manner Sécherheetspersonal un der Grenz stationéiert. Deemno wieren op ville Plaze guer keng nordkoreanesch Zaldoten ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO