De Kreml gesäit elo an der Rhetorik vu Warschau eng Menace. Polen hat nach en Donneschdeg dozou opgeruff, fir d’Sanktioune géint Russland ze verschäerfen an och en Appell un d’NATO geriicht, fir Waffen an d’Ukrain ze schécken. Ugangs der Woch hat eng polnesch Ministesch getwittert, Polen wier houfreg drop, op dem Putin senger Lëscht ze si vu net-frëndlech gesënnte Länner.
Severodonetsk, eng vun de wichtegste Stied am Donbass, ass quasi komplett vu russeschen Truppen ëmstallt, warnt e Freideg de Buergermeeschter. Russen an ukrainesch Separatiste géife Severodonetsk aus e puer Direktiounen ervir attackéieren. An de Krich ass och zu Zaporizhzhia ukomm. Nach virun enger Woch goufen Awunner vu Mariupol dohin evakuéiert.
Geschaten 200 Zivilisten, dorënner op d’mannst 20 Kanner, sëtzen den Ament nach ëmmer am Stolwierk vun Azovstal fest. Leschten Informatioune no wier et an der drëtter UNO-Evakuatiounsoperatioun e Freideg just gelongen, 12 Persounen erauszebréngen. Kiew no wier awer ee Gefier getraff ginn, well de russesche Militär sech net un déi ofgemaache Wafferou gehalen hätt.
Däitschland an Holland schécken elo zesummen 12 sougenannt “Panzerhaubitzen 2000" an d’Ukrain. Si zielen zu deene stäerksten Artilleriesystemer am Inventaire vun der Bundeswehr. An hir Stäerkt läit a Prezisiounsschëss op eng Distanz vu 40 Kilometer.
D’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International huet eegenen Aussoen no zwéngend Beweiser zesummegedroe vu schwéiere Verbriechen, déi op de Compte géife goe vun de russeschen Truppen an der Regioun vu Kiew wärend der Besatzung. Amnesty huet erkläert, dass an deem Kader Beweiser an Zeienaussoen an aacht ukrainesche Stied gesammelt gi wieren. Als Beispiller goufe willkürlech Hiriichtungen, Bombardéierunge vu Wunnhaiser a Folter genannt. An der Regioun Kiew sinn dem Gouverneur no op d’mannst 1.235 Läiche vun Ziviliste fonnt ginn. Vill Affer goufe mat gefesselten Hänn fonnt.
“Mir wëssen, dass déi Verbrieche géint Ziviliste ronderëm Kiew net just Anekdote sinn. Si waren och net zoufälleg oder kollateral. Mir wëssen, dass se Deel si vun engem Schema, dee sech an der russescher Krichsféierung zréckspigelt. D’Schema widderhëlt sech – am méi groussen a mat engem fierchterlechen Impakt”, sou d’Agnès Callamard, Generalsekretärin vun Amnesty International.
De Kreml-Spriecher Peskov huet e Freideg refuséiert ze confirméieren, dass de Wladimir Putin sech fir d’Hitler-Remark vu sengem Ausseminister Lawrow ugangs der Woch bei Israel entschëllegt hätt.
An d’Autoritéiten op Fiji sinn elo enger Demande vun den USA nokomm, fir déi US$300-Millioune-Yacht vum russeschen Oligarch Kerimov ze confisquéieren. De Putin-Frënd Suleiman Kerimov, dee sech perséinlech aussergewéinlech un der illegaler russescher Annexioun vun der Krim beräichert hätt, steet zanter 2014 ënner Sanktiounen an den USA.
