49 Deeg Krich an der UkrainAn der Hafestad Mariupol sinn zanter Krichsufank 21.000 Zivilisten ëmkomm

Petz Bartz
Déi wichtegst Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne kuerz zesummegefaasst.
Ukrain-Krich: Entwécklungen um 13. Abrëll 2022
Déi wichtegst Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne kuerz zesummegefaasst.

Däitschland deet sech mat all substantieller Hëllef schwéier, mä d’USA hunn e Mëttwoch ugekënnegt, fir nach eemol 750 Milliounen US-Dollar a Waffen an d’Ukrain ze liwweren. An de Moiesstonnen hat déi russesch Artillerie d’Ausleefer vu Kharkiv viséiert. Dierfer mat Haiser vun Zivilisten an de Viruerter goufe getraff, awer och déi grouss Residenzbléck an der Stad, op der Strooss bei de Flughafen, war méiglecherweis dat Zil, dat hätt solle getraff ginn. De russesche militäreschen Operatioune feelt et u Prezisioun. D’Leed bei den ukraineschen Awunner bleift nawell net aus.

Zu Mariupol sinn dem Buergermeeschter no 21.000 Ziviliste bis ewell am Krich ëm déi sougenannt Märtyrerstad um Azov-Mier ëmkomm an iwwer 100.000 waarden der den Ament nach ëmmer op eng Méiglechkeet, kënnen evakuéiert ze ginn. 1.026 ukrainesch Zaldoten hätten opginn a sech de russeschen Truppen erginn, sou de Porte-parole vum russesche Militär. D’Ukrain awer dementéiert weiderhin, d’Kontroll iwwer Mariupol verluer ze hunn.

De 67 Joer alen ukraineschen Oligarch an enke Putin-Frënd Viktor Medvedchuk gouf iwwerdeems festgeholl, wéi hien en Dënschdeg den Owend d’Land wollt verloossen. Hie war zanter dem Ufank vum Krich ënnergetaucht, virdrun hat hien Hausarrest wéinst Landesverrot. De President Selenskyj huet dem Kreml e Mëttwoch virgeschloen, dem Putin de Medvedchuk z’iwwerloossen, wann am Géigenzuch ukrainesch Prisonéier fräi kéimen.

Bannent de nächste Woche wëll Finnland iwwerdeems lo decidéieren, der NATO bäizetrieden. D’Land huet eng 1.300 Kilometer laang Grenz zu Russland, déi massiv kann opgerüst ginn. Sollt Schweden sech engem Bäitrëtt uschléissen, hätt de Kreml genee de Contraire erreecht vun deem, wat en eegenen Aussoe no mam Krich wollt verhënneren.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO