Los AngelesAn der Moyenne stierft all 15 Minutten eng Persoun um Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
D'Klinick si komplett iwwerfëllt an d'Personal schafft op an iwwert hirer Limitt. Eng Ambulanz sicht deels Stonnen no engem Spidol mat engem fräie Bett.
Dr. Elaine Batchlor Ass d'Directrice vum Martin-Luther-King-Jr.-Community-Hospital. Fir si ass hire Staddeel de Corona-Epizentrum vun der Stad Los Angeles.
Dr. Elaine Batchlor Ass d’Directrice vum Martin-Luther-King-Jr.-Community-Hospital. Fir si ass hire Staddeel de Corona-Epizentrum vun der Stad Los Angeles.
© AFP

Aktuell wier Los Angeles den Epizentrum vun der Welt a grad an den aarme Staddeeler vun LA sinn d’Spideeler scho wäit iwwert hire Limitten. D’Martin-Luther-King-Jr.-Community-Spidol un der Grenz vun de Staddeeler Watts a Compton huet u sech 131 Better, aktuell behandele si awer fest 215 Patienten. All weider Raim vum Spidol, dorënner eng Kapell, goufen a Behandlungszëmmer ëmgebaut a virun der Dier stinn Zelter, wou Leit behandelt ginn. “Mir maachen eis Bescht, ma mir hunn déi lescht Woch esou vill Doud gesinn” seet eng Infirmière. D’Vanessa Arias seet weider, datt si grad “Am A vum Stuerm sinn”. Direkt virum Interview mat der AFP huet d’Infirmière eng weider Kéier enger Famill misste matdeelen, datt hir Mamm d’Infektioun net iwwerlieft huet.

An der Moyenne stierft zu Los Angeles aktuell all 15 Minutten eng Persoun un de Suitte vum Coronavirus. D’Spideeler sinn esou iwwerlaascht, datt Ambulanzen, déi Corona-Patienten transportéieren, deels Stonne laang duerch d’Stad fueren, bis se e Spidol fannen, wat d’Plaz huet, fir d’Persoun opzehuelen.

An de Quartieren am Süde vun der Stad liewen haaptsächlech Latinoen a Schwaarzer, zwou Gruppe vun der Populatioun, déi iwwerduerchschnëttlech dacks de Virus hunn. Vill vun de Patienten an de Spideeler schaffen an Secteuren, wou se dem Risiko vun enger Infektioun dacks ausgesat sinn, dat als Verkeefer oder am ëffentlechen Transport. Well si dann och dacks mat der Famill op engem Raum zesumme liewen, kënnt et heefeg vir, datt sech déi ganz Famill infizéiert.

Am Fréijoer vum leschte Joer war d’Personal vun de Klinicke schonn un hir Limitte geroden, ma d’Situatioun wier aktuell nach vill méi schlëmm, seet eng aner Infirmière, déi an der éischter Well vun der Pandemie nach zu New York geschafft huet. Deemools war Kalifornien verhältnisméisseg gutt duerch d’Pandemie komm.

Rezent gouf et vill Doudeger an den USA, wat d’Experten op Thanksgiving Enn November zeréckféieren. Aktuell hunn d’Spideeler ze kämpfen an awer fäert een, datt all d’Auswierkunge vu Chrëschtdag a Silvester nach op een duerkomme wäerten. Fir d’Dokteren an d’Fleegepersonal e bëssen z’entlaaschten, gëtt elo Personal vun der Nationalgard rausgeschéckt, fir hinnen ënnert d’Äerm ze gräifen.

Back to Top
CIM LOGO