
An der Ukrain koum et nees zu diversen Attacken. Wéi déi ukrainesch Autoritéite mellen, wieren an der Nuecht op e Sonndeg nees wichteg Energie-Anlage getraff ginn. Aktuell hätten Honnertdausende Stéit am Zentrum an am Oste vum Land kee Stroum.
D'Reparaturaarbechte wieren zwar amgaangen, nach wier awer net kloer, wéini d'Stroumversuergung nees iwwerall assuréiert ass. E Samschdeg eréischt hat d'Ukrain russesch Attacken op d'Energie-Infrastruktur am Land gemellt.