
An der Primärschoul ginn d’Schüler dann zweemol d’Woch getest, respektiv mussen dat selwer maache mat engem sougenannten „Nasenbohrertest“. (Si fuere sech selwer mat engem Nuesstäbchen an den ënneschten Deel vun der Nues.)
Am Lycée ginn et A a B-Gruppen. Jidderee geet zwee Deeg d’Woch an d’Schoul, freides gëtt doheem geléiert. A fir déi zwee Deeg muss een och all Woch en Test maachen.
D’Schüler an den ieweschte Lycéesklassen an d’Enseignantë mussen eng FFP2-Mask undoen, ausser d’Proffe loossen sech all Woch „fräi testen“. Si se negativ, geet eng einfach Mask duer.
20 Milliounen där Antigen-Nuesentester huet Éisträich bestallt.
An Éisträich dierfen d’Coiffeuren d’nächst Woch iwwregens och nees opspären. Och hei brauch een en negativen Test, fir bei de Coiffer ze goen.