ÉisträichAn Tirol ginn et verstäerkt Fäll vun der südafrikanescher Variant

RTL Lëtzebuerg
Et gouf d’Fuerderung, fir dat Bundesland „ofzespären“, do de Lockdown net opzehiewen.

Bis spéit an d’Nuecht eran hunn déi Tiroler Landesregierung an de Gesondheetsminister Anschober diskutéiert: ouni Resultat.

Den Drock op Tirol wiisst. D’Erënnerung un Ischgl zejoert an de Virus, dee sech vun do aus an Europa verbreet huet, ass omnipresent.

165 Fäll vun der südafrikanescher Variant an Tirol si confirméiert. Derbäi kommen 230 Verdachtsfäll.

Et gëtt de Verdacht, datt eng Tirouler Hoteliers-Koppel de Virus aus enger Golf-Vakanz aus Südafrika ageschleeft huet. Déi dementéieren awer.

Déi brittesch Variant huet sech och an Tirol verbreet, well d’Lockdown-Reegelen ëmgaange goufen an awer Touristen aus England koumen. An och englesch Schiproffen an der Ausbildung hunn de Virus mat an Tirol bruecht.

Back to Top
CIM LOGO