Ee Problem: Just een vun zwee ass op dësem Ament prett, sech iwwerhaapt impfen ze loossen.
Bis et souwäit ass, muss dem Thierry Schoen nach Gedold hunn. Eventuell souguer bis an d’ 2. Quartal 2021 eran. Hien gehéiert net, zu enger vun de prioritäre Gruppen.
Virun Chrëschtdag ginn elo emol eng 2 Millioune Leit aus den Altersheimer, Pfleegepersonal, Leit iwwer 80 geimpft. Dat geet dann erof bis Leit iwwer 50 oder där, déi vulnerabel sinn.
Obligatoresch ass d’Impfung net a Groussbritannien. D’Fro, déi vill Leit sech awer stellen ass: Gëtt en Impfpass agefouert? Deen am Fall wou, eng wichteg Roll spille kéint.
