Klappen a knéienAngela Merkel réit Schüler zu sportlechen Übungen a kale Klassesäll

RTL Lëtzebuerg
Och am Wanter kéint an de Klassen net op Lëfte verzicht ginn, huet d'Bundeskanzlerin ënnerstrach.

Fir sech an de kille Raim opzewiermen, huet d’Merkel en Dënschdeg an engem Interview mat Radyo Metropol FM, engem tierkeschsproochege Radiosender zu Berlin, geroden, waarm Kleedung matzebréngen an eventuell och e puer Übungen ze maachen. Vläicht knéit een e puer Mol oder klappt an d’Hänn, fir sech waarm ze halen. Dat misst awer “jidderee fir sech selwer entscheeden, net dass et heescht, dass d’Bundeskanzlerin dat verlaangt”.

Weider huet si betount, dass Lëften an der Corona-Zäit déi “allerbeschten” Method wier. Loftfiltere kéinten d’Lëften nämlech net ersetzen, sou d’Merkel. Dovu géing d’Loft “net nees frësch” ginn.

Back to Top
CIM LOGO