An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et zu Lwiw am Weste vun der Ukrain op en Neits Explosiounen. No 42 Deeg Krich hätt ee mat Schrecken op d’Biller aus Butscha reagéiert, esou de Philip Crowther aus der westukrainescher Stad.
D’Angscht géing an der ganzer Ukrain wuessen, datt weider Atrocitéite kéinten un d’Dagesliicht kommen, elo wou déi ukrainesch Truppen u Buedem gewannen an a Gebitter anzéien, déi viru kuerzem nach a russescher Hand waren. Virun allem d’Lag an der südëstlecher Stad Mariupol géing de Leit an der Ukrain grouss Suerge bereeden.