
Nieft de Bëschbränn op der Haaptinsel Hawaii brennt et och op der Nopeschinsel Maui. Am schlëmmste betraff ass d’Stad Lahaina, déi fréier Haaptstad vum alen hawaiianesche Kinnekräich am fréien 19. Joerhonnert, wou d’Flame sech esou séier ausgebreet hunn, datt et fir vill Mënsche keen Auswee méi gouf.
D’historesch Stad Lahaina op der Insel Maui ass gréisstendeels komplett ofgebrannt an Dausende Mënschen hunn hiert Doheem verluer. Bis en Donneschdeg den Owend goufe 55 Doudeger fonnt an et ginn nach vill méi Affer erwaart. Iwwerdeem brennt et nach ëmmer.
Den hawaiianesche Gouverneur Josh Green huet vun der wuel schlëmmster Katastroph a sengem Bundesstaat geschwat. “1960 hate mir 61 Doudesaffer ze bekloen, wéi en Tsunami d’Big Island getraff huet.” Ma et wier “immens warscheinlech”, datt d’Zuel vun den Doudesaffer dës Kéier däitlech méi héich ausfale kéint.
Dem Josh Green no wier Lahaina zu 80 Prozent zerstéiert. Vill Gebaier, “déi mir iwwer Joerzéngten, iwwer Generatiounen ewech, wäertgeschat hunn, si komplett zerstéiert”. Well Dausende Mënschen elo keen Daach méi iwwert dem Kapp hunn, huet de Gouverneur Hoteller an Awunner opgeruff, Logementer zur Verfügung ze stellen.
RTL-News: Honnerten Hektar brennen op Maui: Op d’mannst 36 Doudeger bei Bëschbränn op Hawaii