Unisklinik InnsbruckAntikierper-Etüd weist konstant a stabil Immunitéit géint de Covid-19

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi de Virus iwwerstanen hunn, sollen der Etüd no eng stabil Laangzäitimmunitéit hunn.

De Chef vun der Etüd Florian Diesenhammer huet an engem Interview erkläert, datt Leit, déi sech mam Virus ugestach hunn, keng Angscht sollte virun enger neier Infektioun, der Mutatioun oder der Iwwerdroung duerch aner Immuner hunn. Dat op alle Fall hätten hir Etüde erausfonnt

Getest goufen 29 Leit, déi am Duerchschnëtt 44 Joer al sinn am am Mäerz de Virus haten. Antikierper goufe bei all de Probante fonnt, dat aacht Woche no der Infektioun, dräi Méint a sechs Méint dono. Hie Etüd géif sech mat villen aneren internationale Studien decken, déi dat selwecht erausfonnt hunn. Den Diesenhammer gëtt awer ze bedenken, datt et just eng ganz kleng Grupp vu Leit war, déi ee getest huet. Fir hir Resultater ze festege bräicht een eng vill méi grouss Etüd, esou den Neuroimmunolog.

Bei all de Probanten hätt een eben zu all Moment Antikierper fonnt an no sechs Méint déi wichteg neutraliséierend Antikierper, déi dofir suergen, datt eng konstant, stabil an zilgeriicht Laangzäitimmunitéit besteet.

Den Expert huet erkläert, datt een Antikierper an Immunitéit net matenee verwiessele soll. Bei der Immunitéit ginn d’Date vum Virus liewenslaang an eisen “Gedächtniszellen” gespäichert. Antikierper dogéint géifen de Virus zwar direkt bekämpfen, ma dës huele mat der Zäit awer of. Sollt de Virus awer nees am Kierper detektéiert ginn, kënnen d’Antikierper nees produzéiert ginn, dat eben doduerch, datt d’Date vum Virus gespäichert goufen. Bei de Corona-Antikierpertester géifen ebe just Deeler vun den Antikierper festgestallt ginn, net awer d’Immunitéit vum Virus.

Etüden aus Island an New York koumen zum selwechte Schluss, hei gouf eng Grupp vu Leit fënnef Méint observéiert. Bei enger chinesescher Etüd waren et souguer siwe Méint.

Leit, déi de Virus also haten, och a schwaache Formen, bräichte sech eigentlech keng Gedanken ze maachen, en nach eng Kéier ze kréien. Ausname bestätegen awer hei d’Reegel, sot den Spezialist, si sinn awer net d’Reegel. Kritik gëtt et dofir un de Medien, déi d’Ausnamen ervirhiewen awer ni iwwert d’Reegel schwätzen. Et géif nämlech aktuell keng Indiser ginn, wisou d’Leit net sollten immun sinn.

Och ass hien der Meenung, datt Leit, déi Immun sinn, de Virus net kënne weiderginn. Dësen Zenario wier “onwarscheinlech”, well d’Inkubatiounszäit just e puer Deeg dauert.

Wat d’Impfunge betrëfft, esou gëtt de Florian Diesenhammer ze bedenken, datt een d’Leit als éischt sollt op Anitkierper testen, éier ee se impft. Domadder géif ee vill Kapazitéit an och Sue spueren, esou den Expert. An der Reegel wier och eng duerchgemaachten Erkrankung méi wierksam wéi eng Impfung.

LIN: Fannt hei déi komplett Etüd

Back to Top
CIM LOGO