
Zu dëser Conclusioun kënnt dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht en Donneschdeg an engem Urteel.
22 Stroumproduzenten haten dogéint geklot, dass de Staat en Deel vun hire Gewënner agezunn hat, fir de Präisdeckel op de Stroum ze finanzéieren. Hannergrond vun dëser Decisioun vun der Regierung ass de Fait, dass de Gaspräis duerch déi russesch Invasioun vun der Ukrain staark geklomme war, wat zu enger Hausse vun de Stroumpräisser gefouert hat. Dovun hu Stroumproduzente profitéiert, déi hire Stroum net mat Hëllef vu Gas produzéieren. Si konnten héich Gewënner realiséieren.
Wéi et e Mëttwoch vum däitsche Verfassungsgeriicht heescht, wier et opgrond vun den Auswierkunge vum Ukrain-Krich legitim, dass de Staat en Deel vun de Gewënner vun dëse Produzenten agezunn huet. Et hätt ee sech an enger Ausnamesituatioun befonnt an där et legitim wier, dass de Staat versicht, en Ausgläich tëscht deenen hierzestellen, déi vun dëser Situatioun besonnesch profitéiere géifen an deenen, déi ënnert der Situatioun ze leiden hätten, ewéi zum Beispill de Clienten.