USAApdikter zerstéiert Corona-Vaccine wéinst Verschwierungstheorie

RTL Lëtzebuerg
Am Bundesstaat Wisconsin hat en Apdikter honnerten Dose Corona-Vaccin express aus dem Frigo geholl an domat onbrauchbar gemaach.

Dat, well hien der Iwwerzeegung war, dass den Impfstoff “onsécher” wier, sot den Affekot Adam Gerol e Méindeg viru Geriicht. De 46 Joer ale Mann wier der Meenung gewiescht, dass de Vaccin déi mënschlech DNA verännere kéint.

Ugangs hat hien den Autoritéite géintiwwer zouginn, 57 Fläsche mat jeeweils 10 Dosen aus Versinn aus dem Frigo aus engem Spidol zu Grafton erausgeholl ze hunn. Méi spéit koum awer eraus, dass hien dat mat Absicht gemaach hätt. Duerno hätt hien d’Fläschen nees zeréckgestallt, wat mat sech bruecht huet, dass 57 Persoune mat engem net gekillten an domat onwierksame Mëttel geimpft goufen. Déi betraffe Patiente goufe kontaktéiert, bis ewell goufen et nach keng Hiweiser op gesondheetlech Schied.

Nom Virfall gouf den Apdikter entlooss a verhaft. Wéi d’New York Times” schreift, hätt hien ëmmer nees Bemierkunge gemaach, déi op verschwierungstheoretesch Gedanken hindeite géingen. Hien hätt ënnert anerem gegleeft, dass d’Welt géing zesummebriechen an d’US-Regierung Cyberattacke geplangt hätt.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie ginn am Internet an an de sozialen Netzwierker ëmmer nees Verschwierungstheorië verbreet. Besonnesch heefeg steet de Corona-Vaccin am Mëttelpunkt vun dësen Theorien. Dowéinst fäerten eng Abberzuel Experten, dass vill Mënsche sech net wëllen impfe loossen, well si Fake News net vu richtegen Nouvellen ënnerscheede kënnen.

D’Vaccine vun de Konzerner Moderna a Biontech/Pfizer baséieren op der sougenannter mRNA-Technologie. Experten no géingen et keng Hiweiser dorobber ginn, dass dës Impfstoffer déi mënschlech DNA veränneren.

Back to Top
CIM LOGO