AustralienApp vum soziale Reseau TikTok ass elo op Regierungssmartphones verbueden

RTL Lëtzebuerg
D’Autoritéiten zu Canberra ginn domadder op de selwechte Wee wéi d’USA, Kanada, Groussbritannien, Neiséiland an och d’EU-Kommissioun.

TikTok gehéiert zum chineesesche Grupp Byte-Dance an et géif gréisser Sécherheetsbedenke ronderëm den Dateschutz ginn.

Konkreet gëtt gefaart, dass China Informatioune vun de User sammelen a mëssbrauche kéint.

Back to Top
CIM LOGO