Desolat wirtschaftlech LagArgentinien kritt internationalen Hëllefspak an Héicht vun 32 Milliarden Dollar

RTL Lëtzebuerg
Wéinst senger desolater Wirtschaftslag huet Argentinien en internationalen Hëllefspak an Héicht vu bis zu 32 Milliarden Dollar accordéiert kritt.
© Argentina’s Presidency Press Office / AFP

Den Internationale Wärungsfong huet e Freideg eng Finanzsprëtz vun 20 Milliarden fir déi nächst véier Joer bekannt ginn. Dovunner 12 Milliarden, déi dem südamerikanesche Land direkt zur Dispositioun gestallt ginn. Een Deel dovunner schonn d’nächst Woch. D’Weltbank steiert 12 Milliarde bäi.

Donieft huet déi interamerikanesch Entwécklungsbank Pläng fir e weidere Pak vu bis zu 10 Milliarden Dollar iwwert en Zäitraum vun dräi Joer annoncéiert. D’Hëllefspäck kënnen als Succès fir den argentinesche President Javier Milei, deen zanter dem Ufank vu sengem Mandat am Dezember 2023 eng strikt Spuerpolitik fiert, gewäert ginn. Hien hat eng “Schocktherapie” fir Argentinien annoncéiert mat massiven Aschnëtter bei den ëffentleche Finanzen. Doduerch ass d’Inflatioun staark zréckgaangen. Op der anerer Säit leit Argentinien ënnert enger wirtschaftlecher Rezessioun, héijem Chomage an engem extreem héijen Aarmutstaux.

Back to Top
CIM LOGO