
Den 43 Joer ale Familljepapp Medi Bastoni wëll ob d’Verschwanne vun den indonesesche Bëscher opmierksam maachen. Hien huet sech virgeholl, déi 700 Kilometer zwësche senger Heemecht am Oste vu Java an der Haaptstad Jakarta ze Fouss zeréckzeleeën, an dat hannerzeg.
De Bastoni huet seng Rees am Juli ugefaangen an hie plangt d’Haaptstad de 16. August ze erreechen, mat Zäite fir den indoneseschen Onofhängegkeetsdag.
“Natierlech sinn ech midd,” seet de Bastoni, “mä ech wëll mech fir déi nächst Generatioun anzesetzen. Meng Heemecht verléiert all seng Beem, also muss ech eppes ënnerhuelen. D’Péng an d’Middegkeet kann ech erdroen.”
All Dag geet hien 20 bis 30 Kilometer an der Hëtzt, mat engem Réckspigel, deen hien u säi Rucksak gemaach huet, fir hannerzeg ze gesinn. Dobäi gëtt hie vu ville Leit ënnerstëtzt an ugefeiert, kritt Iessen an eng Schlofplaz offréiert.
Wann hien zu Jakarta ukënnt, hofft de Bastoni sech mam President Joko Widodo treffen ze kënnen, fir d’Ofholzen an Indonesien ervirzehiewen. Greenpeace no ass Indonesien nämlech mat ee vun de Länner, déi am meeschten dovunner betraff sinn.