
Mat deem ëmstriddenen Ofkommes hat de fréieren US-President Trump Guatemala zu engem sécheren Drëttstaat erkläert. Leit, déi aus deem Land koumen an an den USA Asyl gesicht hunn, konnten direkt nees zeréckgeschéckt ginn. Dat hat den Trump mat sengem deemolegen Homolog Jimmy Morales ofgemaach.
Den Ausseministère a Guatemala huet elo matgedeelt, dass een aus Washington doriwwer informéiert gouf, dass dee bilateralen Accord net méi gëlteg wär.
Den neie President vum südamerikanesche Land Alejandro Giammattei hätt d’Noriicht positiv opgeholl a wéilt elo zesumme mam neien US-President Joe Biden d’Ursaachen fir déi irregulär Migratioun ugoen.