Am OmanAtomverhandlungen tëscht USA an Iran sinn no e puer Stonnen schonn eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Dem iraneschen Ausseministère no wieren d’Diskussiounen an zwee verschidden Raim ofgehale ginn.
© AFP/Archives/Mandel NGAN, Amer HILABI

Den Oman huet dobäi d’Vermëttlerroll iwwerholl an tëscht béide Säiten Noriichten vermëttelt. Et wier ee sech eens ginn, fir dës indirekt Gespréicher nächste Samschdeg weiderzeféieren.

An enger éischter Reaktioun heescht et vun Teheran d’Atmosphär wier konstruktiv gewiescht op Basis vun géigesäitegem Respekt.

Kär vum Sträit ass jo den iraneschen Atomprogramm. Teheran betount, dass de Programm just fir zivil Zwecker benotzt gëtt. Déi westlech Regierunge fäerten de Bau vun enger Atombomm.

Den US-President Trump hat Teheran Verhandlunge fir en neit Atomofkommes ugebueden a gläichzäiteg mat militäresche Konsequenze gedreet. Teheran huet sech dorop agelooss, well si een Enn vun den Sanktioune wëllen erreechen, déi am Iran aktuell zu enger ganz schlechter wirtschaftlecher Situatioun féieren.

2015 hat den Iran am Wiener Atomofkommes mat enger Rei Länner ofgemaach, den Nuklearprogramm ze limitéieren.
2018 ass den Donald Trump aus dem Accord erausgeklommen an huet nei a méi haart Sanktiounen géint den Iran decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO