
Dat huet de franséische Premierminister Jean Castex en Donneschdeg den Owend offiziell matgedeelt. D’Zuele vun den Neiinfektioune wieren einfach ze héich an et misst een déi nees erofkréien. Dofir wier et wichteg, fir d’Kontakter ze reduzéieren, esou nach de Castex.
De Jean Castex huet awer eng Ausnam ervirgehuewen an dat ass op Hellegowend. Fir dëst Fest wieren Deplacementer erlaabt, allerdéngs géing et eng Reegel ginn an zwar net méi wéi 6 Erwuessener beieneen.
De Couvre-feu zielt also vun owes 20 Auer bis moies 6 Auer. Deen Ament ass et dann och net méi erlaabt, dobausse Sport ze maachen. Och Kultur- an aner Fräizäitaktivitéite bleiwen deemno weider 3 Woche verbueden. Deen Ament dierf ee just eraus fir op d’Aarbecht ze goen oder vun der Aarbecht heem oder an Noutfäll oder fir mam Hond erauszegoen.
De Jean Castex huet d’Leit dann och nach eemol dozou opgeruff, esou vill wéi méiglech op den Teletravail zeréckzegräifen.