
D’Demonstrante versichen, duerch hire Protest mat hire Gefierer Stroossen ze blockéieren an domadder d’Opmierksamkeet vun der Politik, fir hir Revendicatiounen ze gewannen. Dës Revendicatioune si ganz verschidden. Et geet de Leit awer virun allem drëm, hir Fräiheeten zréck ze kréien, déi se virun allem duerch de Pass sanitaire a Gefor gesinn.
Bréissel huet sech deemno schonn um Sonnden drop preparéiert, dass den Trafic kéint blockéiert ginn an d’Police huet sech deementspriechend op de Grenzen an de wichtege Stroosse Richtung Bréissel positionéiert.
An enger éischter Etapp wollt een d’Manifestanten drop opmierksam maachen, wat erlaabt ass a wat net, well eng Demonstratioun mat Gefierer ass am Zentrum vun der Stad net erlaabt ginn. E spezielle Parking am Norde vu Bréissel gouf de Manifestanten zur Verfügung gestallt, fir sech do ze rassembléieren.
Et konnt een dann e Méindeg de Moien och keng gréisser Perturbatioune vum Trafic am Zentrum selwer feststellen, dat well d’Police den Accès an d’Stad massiv kontrolléiert huet an déi concernéiert Autoen dann op de Parking eskortéiert huet.
Op der Plaz selwer ware eng ronn 50 Leit aus Holland, der Belsch, mee haaptsächlech aus Frankräich ugereest. Well dës Woch d’Europaparlament zu Stroossbuerg Sëtzung huet, huet sech an de fréie Moiesstonnen en Deel vum Convoi decidéiert, op Stroossbuerg ze fueren. Déi spontan Ännerung schéngt der Protestaktioun e bëssen de Wand aus de Seegele geholl ze hunn.
Et ass also zimmlech roueg bliwwen zu Bréissel an et bleift ofzewaarden, ob d’Manifestante weider op Stroossbuerg fueren oder op d‘Demonstratioun am Laf vum Dag nach wiisst.