
Duerch déi nei Omikron-Variant klammen d’Infektiounszuelen an der Lescht rasant. Virun allem an Europa gëtt et den Ament eng däitlech Hausse un Neiinfektiounen.
AFP-Zielungen no hu sech tëscht dem 22. an dem 28. Dezember 2021 noweislech iwwer 6,5 Millioune Mënsche weltwäit infizéiert. Dat ass en Duerchschnëtt vun 935.000 Infektiounen den Dag an eng Hausse vu 37% par rapport zu der Woch virdrun. Esou vill Fäll goufen et nach ni bannent enger Woch zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie. De leschte Rekord gouf tëscht dem 23. an dem 29. Abrëll 2021 registréiert mat 817.000 Fäll den Dag an der Moyenne.
Déi meescht Neiinfektioune goufen et lescht Woch an Europa mat méi wéi 3,5 Millioune Fäll, respektiv ronn 510.000 Neiinfektiounen den Dag. Do virdru louch den Héchstwäert um europäesche Kontinent bei iwwer 300.000.
A Länner wéi Frankräich a Groussbritannien huet sech Omikron scho staark ausgebreet. Si mellen esou vill nei Corona-Fäll wéi nach ni. An eisem Nopeschland gouf mat 208.000 Neiinfektiounen e Mëttwoch en neien traurege Rekord op d’Bee gestallt. E Samschdeg hat den Hexagon eng éischte Kéier d’Schwell vun 100.000 neie Fäll bannent 24 Stonnen iwwerschratt.
England a Wales hunn iwwerdeems ëm 130.000 Neiinfektioune verzeechent, wat och en neien Dagesrekord ass. Aus Nordirland a Schottland louche wéinst de Chrëschtdeeg keng nei Zuele vir. Och a Griicheland sinn d’Zuelen um klammen. Vun e Méindeg op en Dënschdeg hu se sech verduebelt.
De Risiko, deen d’Omikron-Variant mat sech bréngt, ass immens héich, sou d’WHO e Mëttwoch. Donieft huet d’Weltgesondheetsorganisatioun gewarnt, datt Omikron an Europa zu enger grousser Hausse bei den Hospitalisatioune féiere kéint. Och wann eng Infektioun mat dëser Variant grondsätzlech manner Spidolsopenthalter mat sech brénge géing, missten esou Auswäertungen nach mat “Virsiicht” betruecht ginn, sot d’Catherine Smallwood vun der WHO-Europadirektioun. Wéi am Schreiwes vun der WHO vun e Mëttwoch ze liese steet, géingen nach ëmmer Donnéeën iwwert de Krankheetsverlaf an den Infektiounsrisiko feelen.
D’US-Medikamentenagence FDA huet iwwerdeens nach gewarnt, datt Antigen-Schnelltester eng Infektioun mat der Omikron-Variant net esou zouverlässeg erkenne géinge wéi bei anere Mutatiounen.
