D'Europäesch Unioun féiert eng nei Beaarbechtungstax an. Fir Wueren aus Drëttlänner ginn an Zukunft zousätzlech zwee Euro pro ënnerschiddlechen Artikel verrechent. Déi sougenannt "Union Handling Fee" (UHF) gëllt onofhängeg vum Wäert vun der Bestellung.
Besonnesch bei klenge Bestellunge mat engem Wäert vun ënner 150 Euro mécht sech déi nei Reegel bemierkbar. Hei gëllt schonn zënter Juli eng Tax vun dräi Euro pro Artikelkategorie. Mat der neier Tax klammen déi zousätzlech Käschten ab November op insgesamt fënnef Euro pro Kategorie.
E Beispill: Wien en T-Shirt an eng Hoerspéngel bestellt, muss mat zéng Euro zousätzleche Käschte rechnen (fënnef Euro pro Kategorie). Bestellt een dogéint e puer identesch T-Shirten, gëtt déi Tax nëmmen eemol verrechent.
Déi nei Reegelung gëllt fir all Länner baussent der EU. Domat sinn och Bestellungen aus der Schwäiz, Norwegen oder der Tierkei betraff, obwuel mat dëse Länner Zollofkommes bestinn.
Offiziell mussen d'Onlinehändler d'Tax bezuelen. Si kënnen déi zousätzlech Käschten awer un hir Cliente weiderginn, zum Beispill duerch méi héich Präisser oder en Zouschlag beim Bezuelen.
D'EU begrënnt déi nei Mesure mat de steigende Käschte fir Douaneskontrollen a Sécherheetsiwwerpréiwungen. Eleng 2025 koume knapp 5,9 Milliarden eenzel Päck an der EU un. Ronn 93 Prozent dovun aus China.
Fazit: Wie reegelméisseg bei asiateschen Onlineplattforme bestellt, muss ab November genee op de Präis am Wuerekuerf kucken.