
Et wier en traurege Rekord, Peru ass deemno dat Land, an deem déi meeschte Kanner wéinst Covid-19 e Papp oder eng Mamm verluer hunn, esou déi peruanesch Fraeministerin Anahi Durand. Hei gouf sech op Zuele beruff, déi an der bekannter Fachzeitung “The Lancet” publizéiert goufen.
D’Ministerin setzt sech dofir an, dass d’Weeserent misst ausgebaut ginn an dass méi wéi 80.000 mannerjäreg Weesekanner hei en Usproch drop hätten. Dobäi kënnt, dass dës Kanner missten psychologesch a sozial betreit ginn.
Par rapport zu der Gesamtbevëlkerung ass Peru dat Land op der Welt, dat am schlëmmste vun der Pandemie getraff gouf. Op 1 Millioun Mënsche kommen offiziellen Zuele vun der AFP no 6.122 Covid-19-Doudeger.
Am Ganzen hu sech iwwer 2 Millioune Mënsche bis ewell mam Virus ugestach, méi wéi 202.900 Persoune si gestuerwen.