
An dat bannent nëmmen eppes méi wéi engem Mount. Enn Juli hat den aktuelle President Joe Biden jo annoncéiert, net méi fir dee Posten ze kandidéieren an amplaz d‘Kamala Harris z‘ënnerstëtzen. Een Drëttel vun de Sue komme vu Leit, déi fir d‘éischte Kéier esou eng Spend gemaach hunn. Derbäi kéim, dass sech nach immens vill Fräiwëlleger gemellt hätten, fir bei der Campagne ze hëllefen, heescht et vun enger Porte-Parole. An 3 Wochen ass en éischten Debat tëscht der Kamala Harris an dem republikanesche Kandidat Donald Trump. A ronn 10 Woche gëtt da gewielt.